Et geet ëm eppes iwwer eng Billioun Euro: Déi gëllt et vun 2028 un an der EU ze verdeelen. Haut (16.7.) stellt déi Europäesch Kommissioun hir Propose fir deen nächsten EU-Budget vir - ee Budget, deen da warscheinlech fir d’Joren 2028 bis 2035 gëlle wäert.
D’Kommissioun huet Wëlles, dee Budget ze vereinfachen, e méi flexibel ze maachen an de Länner méi Spillraum ze ginn. Wat heescht dat, wat ass konkreet geplangt? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber