Den nächsten Dënschden ginn déi dräizéng Romaner vun der Booker Prize Longlist zur Shortlist kondenséiert. Op der Longlist sinn dëst Joer vill Neientdeckungen a wéineg bekannten Nimm – d’Romaner hunn tëschent 150 an 650 Säiten, een dovun erschéngt esou guer eréischt zwee Deeg, nodeems d’Shortlist eraus koum. A senger Serie rezenséiert de Jeff Schinker Woch fir Woch déi 13 Romaner, déi et op d'Longlist gepackt hunn. Dem David Szalay säi Roman "Flesh" ass eng Zort ungaresche Ken Loach. De Roman handelt vun engem Teenager, deen eng Affaire mat enger Nopesch huet, déi am Alter vu senger Mamm ass - a weist, wéi ee Liewe kann entgleisen.
arrow_back_ios
Kultur
Booker Prize: "Flesh" vum David Szalay
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden
Nei am Kino
Wéi eng nei Filmer lafe muer am Kino un? Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Rainy Days 2025 an der Philharmonie
D’Directrice artistique Catherine Kontz an d’Team hanner de Kulisse luede vu muer u bis de Sonndeg inclus op een zäitgenëssesche Museksfestival mat ronn 50 Concerten.
Film vun der Woch: "Eagles of the Republic"
De Michel Delage an d'Vesna Andonovic iwwer deen neie Politthriller vum Tarik Saleh.
White Book an Assises nationales de l'intelligence artificielle
D’Alessandra Luciano an de Cedric Kayser hunn d'White Book vum Kulturministère zum Theema Kënschtlech Intelligenz am Kultursecteur verfaasst a stellen sech eise Froen.