100komma7.lu / Kultur

/ Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025

Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

12 min

Gëschter Owend (13.11.) war d‘Ouverture vun de Walfer Bicherdeeg mat der zeremonieller Präisiwwerreechung vum Lëtzebuerger Buchpräis.


Den Nico Helminger gewënnt de Lëtzebuerger Buchpräis 2025 an der Kategorie Literatur mat “Geckegen Hunneg” (éditions guy binsfeld).

An der Kategorie Sachbuch gouf “Keiner weinte, es gab keine Tränen mehr” vun der Inna Ganschow (capybarabooks) vum Jury ausgezeechent. An der Spart Kanner- a Jugendliteratur huet “KrixKrax” vum Marc Weydert (Text) a Patty Thielen (Illustratioun) (PersPektiv Editions) de Jury am meeschten iwwerzeegt.


De Publikumspräis gouf dëst Joer geännert, aus engem Präis goufen der dräi - nämlech elo an all Kategorie. An dëst Joer sinn dat:

“Hraun” - Florent Toniello (Michikusa Publishing)

“Depart lass!!! Luxemburg - 33 kinderleichte Wanderungen” - Keong-A-Song, Marie Mathieu, Sabrina Notka (éditions guy binsfeld)

“KrixKrax” - Marc Weydert a Patty Thielen (PersPektiv Editions)


E spezielle Präis geet och un e Buch mam beschten Design. Do huet de Jury sech op “Hortus Alienum” vun der Anna Valentiny (Point Nemo Publishing) gëeent. Den Designerpräis zeechent virun allem d’Aarbecht vum Verlag aus. An dësem Fall sinn et éditions guy binsfeld.


D‘Valerija Berdi war op der Plaz an ass am Studio fir iwwer d‘Laureatinnen an d’Laureate vum Buchpräis ze schwätzen, déi och all an eiser Literaturemissioun “Déi wonnerbar VaLibrairie” dëse Sonndeg um 11 Auer invitéiert sinn a live vun der Bicherfoire diffuséiert gëtt.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"The Music is Black" am V and A East zu London | © "The Music is Black"

"The Music is Black" am V and A East zu London

Datt et an der Ausstellung “The Music is Black: A British Story” politesch zougeet, ass ze erwaarden. Mee se daucht och a méi donkel Kapitele vun der brittescher Geschicht an.
headphones

7 min

play_arrow
Rotondes: Saison 2026/27 | © Rotondes

Rotondes: Saison 2026/27

D'Rotondë ginn transforméiert. D’Presentatioun vun der Saison 2026/27 gouf gëschter an der grousser vun deenen zwou ofgehalen, déi no enger Auszäit elo erëm bespillbar ass.
Den Opwand hanner enger Edward-Steichen-Expo fir den MNAHA am Ausland | © “Bouquet of Sunflowers" vum Edward Steichen

Den Opwand hanner enger Edward-Steichen-Expo fir den MNAHA am Ausland

D’Iwwerleeungen, Synergien, d’Logistik bei “La nature d’Edward Steichen”
headphones

13 min

play_arrow
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn": de Jacques Schiltz iwwert "Wagner" | © Jacques Schiltz

"Ech muss net Kolleeg mat him sinn": de Jacques Schiltz iwwert "Wagner"

Am Gespréich mam Metteur en scène Jacques Schiltz
headphones

19 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt d'Emma Hizette d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.
headphones

5 min

play_arrow
De roude Fuedem (net) verluer: déi nei Spillzäit am Escher Theater

De roude Fuedem (net) verluer: déi nei Spillzäit am Escher Theater

Am Gespréich mat der Carole Lorang
headphones

17 min

play_arrow
Der Filmredaktioun hire Filmtipp vun der Woch

Der Filmredaktioun hire Filmtipp vun der Woch

Huet sech duuss duerchgesat: “A voix basse” vun der Leyla Bouzid
headphones

10 min

play_arrow
Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou | © Radio 100,7

Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou

Eenzelfall oder déif strukturell Problemer am Lëtzebuerger Verlagswiesen?
headphones

12 min

play_arrow
Dem DJ Nosi säi viralen Hit

Dem DJ Nosi säi viralen Hit

No Rap-Lidder wéi “Schëdden”, “Klengen Drénken” a “Marrakesch” huet dee 26-Järege sech an de leschte Joren als DJ a Produzent profiléiert.
headphones

9 min

play_arrow
"Locker Room Talk" | © Jan Jaroszek

"Locker Room Talk"

D’Theaterstéck am Mierscher Theater geet der Fro no, wat et haut bedeit männlech ze sinn, a wéi eng Wäerter a Virstellunge vu Männlechkeet Jugendlecher prägen.
headphones

7 min

play_arrow
Nuits en Or | © L'Académie des Césars

Nuits en Or

Lëtzebuerg war direkt zweemol bei den Nuits en Or nominéiert, deem renomméierte Kurzfilm-Präis vun der Académie des Césars. De Max Tholl war fir eis gëschter dobäi.
headphones

7 min

play_arrow
D’Mudam-Collectioun zum Theema “Video Killed the Radio Star” | © Mudam

D’Mudam-Collectioun zum Theema “Video Killed the Radio Star”

Déi geleckt Surface vun der Popkultur versus déi déif Bréch vun der Weltpolitik
headphones

18 min

play_arrow
Mission Sommermärchen - Eng ZDF-Doku an dräi Deeler | © Alexander Wells

Mission Sommermärchen - Eng ZDF-Doku an dräi Deeler

Euphorie an Optimismus: Domadder gëtt d'Sommermärchen - wéi déi däitsch Fussballfans d'WM 2006 an hirem Land nennen - verbonnen. D'Stëmmung am Virfeld war awer guer net gutt.
headphones

8 min

play_arrow
De frenglesche Performerinnen-Duo She Goat op Residenz am Neimënster | ©  James Allan

De frenglesche Performerinnen-Duo She Goat op Residenz am Neimënster

Wat ass “Stäerkt” fir Mënschen, déi als “schwaach” ofgestempelt ginn?
headphones

17 min

play_arrow
Albumbespriechung: Francis of Delirium "Run, Run, Pure Beauty"

Albumbespriechung: Francis of Delirium "Run, Run, Pure Beauty"

De Marc Clement huet sech no der Release mat der Frontfra Jana Barich iwwer “Run, Run Pure Beauty” ënnerhalen.
headphones

22 min

play_arrow
Bettina Heldenstein a Sandra Kolten: zanter 30 Joer Employéeë vum Casino!

Bettina Heldenstein a Sandra Kolten: zanter 30 Joer Employéeë vum Casino!

Vun der Uni an deen éischten a wahrscheinlech leschten Job
headphones

21 min

play_arrow
Prix Batty Weber: Am Gespréich mam Guy Helminger

Prix Batty Weber: Am Gespréich mam Guy Helminger

De Guy Helminger, ausgezeechent mam Prix Batty Weber, am Interview mam Jeff Schinker iwwer d'Bedeitung vum Präis a säi Gesamtwierk.
headphones

27 min

play_arrow
Nei am Kino

Nei am Kino

Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt d'Emma Hizette d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.
headphones

5 min

play_arrow
Nei Konscht vum Banksy | © EPA/ANDY RAIN

Nei Konscht vum Banksy

Zu London gëtt et nei Konscht vum Banksy, déi net ze iwwersinn ass an déi bis elo nach net ewechgeholl gouf - wéi dat esou dacks de Fall ass bei senge Wierker.
headphones

4 min

play_arrow
De seul en scène feieren: déi 16. Oplag vum Monodrama

De seul en scène feieren: déi 16. Oplag vum Monodrama

Am Gespréich mat der Emma Lily Karier an dem Steve Karier
headphones

24 min

play_arrow