AMIL, d'Association des Maîtres Imprimeurs du Luxembourg, gëtt et zënter wäit iwwer 100 Joer. Trotz hirer laanger Geschicht huet de Beruffsverband viru Kuerzem decidéiert sech ëmzebenennen. Aus der AMIL gëtt elo d'FLAG, d'Fédération Luxembourgeoise des Arts Graphiques. De Roland Dernoeden Direkter vun der Imprimerie Centrale a Vizepresident vun der FLAG, erkläert, firwat de Verband säin Numm geännert huet.
arrow_back_ios
Moiesstudio
D'Zukunft vun den Dréckereien
headphones
10 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden


30 Joer Klimabündnis: 40 Gemengen maache mëttlerweil mat
Mee wat huet een als Gemeng dovu Member vun deem Bündnis ze sinn? Mir froen ee vun de Responsabele vum Projet.

Virun 80 Joer: Grande-Duchesse Charlotte kënnt zeréck aus dem Exil
De 14. Abrëll 1945 ass e wichtegen Datum an der Geschicht vun eisem Land. Explikatioune vum Jérôme Courtoy, Historiker aus dem Nationale Resistenzmusée zu Esch

D'Archive vum radio 100,7 ginn nei beliicht
Haut (14.4.) gëtt dat neit Format "E Bléck zeréck" lancéiert. Eisen Archivist Gilles Schreurs erkläert, ëm wat et geet.

Vu Knachebréch bis Suicideversich: Wat ass iwwer Trauma-Fäll gewosst?
De Luxembourg Institute of Health huet d'Donnéeë vu méi wéi 500.000 Trauma-Fäll ausgewäert, déi an de Joren 2013 bis 2020 an den Urgencë vun de 4 grousse Spideeler behandelt goufen. D'Marie Louyot erkläert.
Méi Verkéierssécherheet um Lampertsbierg
D’Lampertsbierger iwwerreechen e Bréif u Sater Mobilitéitsschäffe Patrick Goldschmidt.

Jean Tonnar: No 25 Joer Escher Gemengepolitik ass Schluss
Mir froen den Escher LSAP-Politiker wat hie vu senger laanger Zäit am Gemengerot zréck behällt, an op et hie nie gereizt huet Nationalpolitik ze maachen.

Bodycams an Dateschutz
Déi national Dateschutzkommissioun huet am Virfeld Suggestioune gemaach, déi och am Gesetz opgegraff goufen. D’Dani Jeitz, Generalsekretärin vun der CNPD, erkläert.

Handelskrich USA-China: wie gëtt als Éischten no?
D'Aschätzung vum Professer Dirk Schmidt vum Léierstull fir chineesesch Politik an Ekonomie op der Uni zu Tréier

Ukrainkrich: Prett sinn, wann de Waffestëllstand kënnt
Déi sougenannt Koalitioun vun de Wëllege preparéiert sech. Gëschter waren d'Verteidegungsministere beieneen. Froen un d'Lëtzebuerger Ressortministesch Yuriko Backes

Ouni Netz an duebele Buedem: De Serge Tonnar hëlt e Live-Album op
Muer an e Samschdeg spillt den Trio Concerten zu Wolz, déi opgeholl ginn.
Sécurité Routière: Firwat d'Assurancen net méi bezuelen
D'Sécurité routière verléiert hiren Haaptsponsor. 275.000 Euro hunn déi 4 Lëtzebuerger Autosassureure bis elo all Joer iwwerwisen. De Marc Hengen vum Assurancëverband ACA erkläert, firwat si domat ophalen.

Online-Kommunikatioun: Kënnen Emojie geféierlech sinn?
Déi Fro stelle sech vill Erwuessener, déi d'Serie "Adolescence" op Netflix gesinn hunn. Mir froe bei Bee Secure no, op wat ee soll oppassen.

Partydrog Laachgas: Muss ee sech Suerge maachen?
De Konsum vu Laachgas ass rezent och hei am Land an d’Luucht gaang. Mécht deen Trend de Gesondheets-Autoritéite Suergen? Den Olivier Michels aus der Direktioun vun der Santé erkläert.

Coursen iwwer KI: Ee Prozent vun der Populatioun soll matmaachen
D'Regierung huet sech d'Zil gesat engem Prozent vun der aktiver Populatioun eng Grondausbildung iwwer Kënschtlech Intelligenz ze ginn. Mir froen no wéi et funktionéiert.

US-Taxen: De Bléck vum Ekonomist
Awéiwäit maachen d'Taxen aus amerikanescher Siicht Sënn? A wéi geféierlech si se fir d'Weltwirtschaft? Äntwerte vum Benjamin Holcblat, Professer fir Finanzen op der Uni Lëtzebuerg

US-Douanestaxen: Wéi wäerten déi sech zu Lëtzebuerg auswierken?
Mir hunn den Wirtschaftsminister Lex Delles gefrot.

Boursse-Coursë falen: An elo?
Wéi sollen Investisseuren an där aktueller Situatioun reagéieren? Froen un de Guy Wagner, Administrateur-Directeur vun der Banque de Luxembourg

D'Zukunft vun den Dréckereien
AMIL, d'Association des Maîtres Imprimeurs du Luxembourg, gëtt et zënter wäit iwwer 100 Joer. Trotz hirer laanger Geschicht huet de Beruffsverband viru Kuerzem decidéiert sech ëmzebenennen.
