D’Dorothea Tatalidis huet Trompett am Stater Conservatoire beim Charles Consbruck a Roman Zaremba geléiert. Zanter 2021 studéiert si op der Hochschule für Musik, Theater und Medien zu Hannover. Si huet mat hiren 23 Joer schonn en impressionante Parcours hanner sech: si schléisst ënner anerem hire Prix Supérieur am Conservatoire mat Auszeechnung of, huet fënnefmol den 1. Präis mat Auszeechnung vum Concours Luxembourgeois pour jeunes solistes gewonnen an hat hire Solodebut bei der Militärmusek. An elo gouf si beim European Union Youth Orchestra (EUYO) fir d’Saison 2025 ugeholl. Am Gespréich mam Marie Trussart erkläert si ënner anerem, wéi si mam Stress virun engem Concert ëmgeet, firwat si esou begeeschtert vun hirem Instrument ass a wat den EUYO als Orchester esou besonnesch mécht.
arrow_back_ios
Klassik Aktuell
D'Dorothea Tatalidis beim EUYO fir d'Saison 2025
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart
Episoden

Interdisziplinär a multimedial
Déi nei Plattform mugi.lu

De bloe Fuedem
"Indigo" - deen neien Album vum Trompettist Georges Soyka an der Pianistin Kyoko Kashii

Musek a politischen Engagement
Den 19. Dezember 2015 stierft den Dirigent Kurt Masur.
Eng Invitatioun an eng Dramwelt
Dem OPL ass et bei sengem leschte Ciné-Concert gelongen Dramwelten entstoen ze loossen. Um Programm stoung den Disney-Film "Fantasia".

Amerika oder Béimen
De 16. Dezember 1893 war zu New York d'Première vum Antonin Dvorak senger 9. Symphonie.

E perséinlechen Disk
D'Geschwëster Zala a Val Kravos proposéieren op hirem éischte gemeinsamen Album e ganz perséinleche Programm.

"Im Herzen des Orchesters"
Immersive Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg am Kinneksbond zu Mamer (16.12.)
Operen am Saarländischen Staatstheater
Niewent engem Showcase Concert zum Theema Oper, proposéiert d'Saarländisches Staatstheater bis zum Enn vum Joer d'"Carmen" vum Bizet an den "Don Pasquale" vum Donizetti.

"My saxophpone is like a friend"
Éischte Concert vun der Saxofonistin Jess Gillam an der Pianistin Zeynep Özsuca an der Philharmonie
Virum Concert eng Banann
Virun hiren Optrëtter ësst d'Pianistin Cathy Krier gäre mol eng Banann. An nächster Zäit stinn där deemno méi um Programm: a sechs Deeg huet si nämlech véier Concerten.

48 Finalisten a 16 Kategorien
D'Finaliste vun den International Classical Music Awards 2022 sti fest.

E musikalesche Mëtteg mam Rameau
D'Cembalistin Anne Catherine-Bucher stellt bei hirem nächste Midi baroque an der Philharmonie de Jean-Philippe Rameau an de Mëttelpunkt.

Déi zwou Säite vum Rhäin
Den Orchestre de Chambre du Luxembourg proposéiert e Programm ronderëm de Robert Schumann an d'Louise Farrenc.

"Et ass very British"
Déi 30. Editioun vun de Christmas Carols vun den Amis du Chant Luxembourg a vum Luxembourg Brass Ensemble (10.12. / 13.12. an 18.12.)

L'Enfance du Christ
Am Gespréich mam Hans-Christoph Rademann iwwer dem Berlioz säi Wierk

"Rachmaninoff and Scriabine are probably two of the most important people in my life"
Den éischte Concert vum Pianist Alexander Malofeev an der Philharmonie (08.12.)

Joy, joy, for Christ is born
De Chrëscht-CD vum Trio Cénacle zesumme mam Calamus Reed Quintet

Besënnlech a virtuos
Dräi Concerte mam Ensemble Ad Libitum (9., 10. an 18.12.2022)

E musikalesche Virreider
Zwee emblematesch Wierker vum Hector Berlioz sinn op e 5. Dezember uropgefouert ginn.
