Klassik aktuell
Musek a politischen Engagement
5 min
![on the headlines](/legacy/images/63478/image-thumb__63478__base_thumbnail/Kurt%20Masur.569afbaa.jpg)
Hie war eent vun de Gesiichter vun der friddlecher Revolutioun an der fréierer DDR - de Kurt Masur, deen als Gewandhauskapellmeister zesumme mat anere Gläichgesënnten de Regimm zum Dialog opgeruff hat. Et war vläicht net emol déi gréisste Kris, déi de Masur a sengem Liewen ze iwwerwannen hat - kënschtleresch an och perséinlech. Mee de Masur huet ni esou einfach d'Bengele bei d'Tromm gehäit an ëmmer nees nei ugefaangen. Säin Undriff war d'Musek. Esouguer d'Parkinson-Kränkt huet hien net dervun ofgehalen, bis un de Schluss vu sengem Liewen ze dirigéieren. De Kurt Masur stierft den 19. Dezember 2015 an den USA.