Déi amerikanesch Taxe vu 25 Prozent op Stol- an Aluminium-Importer aus der EU, déi gëschter a Kraaft getruede sinn, treffen hei am Land virun allem eng Entreprise: Arcelor Mittal. Si exportéiert ongeféier 20 Prozent vun de Palplanchen an Träger, déi hei gewalzt ginn, an d’USA. D’Géigemesuren, déi d’EU-Kommissioun gëschter a Form vun Taxen op Jeans, Motorrieder a Whisky ugekënnegt huet, hëllefen dem Lëtzebuerger Stolproduzent natierlech näischt. De CEO vun der Chambre de Commerce Carlo Thelen hält déi europäesch Reaktioun nawell fir adäquat.
arrow_back_ios
Moiesstudio
US-Taxen: Eng lose-lose-Situatioun
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
Episoden
Neien Accord soll d'Preventioun vun Accidenter am Bausecteur verbesseren
D'ITM an den IFSB hunn en Accord ënnerschriwwen, deen eng besser Preventioun am Bausecteur virgesäit. Haaptsächlech d’Inspektere vun der ITM sollen nach besser forméiert ginn.
Deforestatiouns-Gesetz gelockert
D’Europaparlament huet sech gëschter dofir ausgeschwat, dat ëmstriddent europäescht Gesetz géint d’Deforestatioun ze lockeren an d’Akraafttrieden ëm ee Joer ze verleeën.
Repenser notre lien au vivant
Hiweis op eng Table ronde am Cercle Cité, am Kader vun der Ausstellung “Forêt. Solitudes et solidarités”, déi am Moment am Ratskeller ze gesinn ass.
"Fäsche maachen"
Déi joerhonnertenal Technik gouf virun engem Mount op d'Unesco-Lëscht vum immaterielle Kulturierwen opgeholl.
Bommeleeër-Prozess II, eng Analys, bis elo ...
Wat ass bis dato an de 6 éischte Sëtzunge vum zweete Bommeleeër-Prozess geschitt? A kann ee sech iwwerhaapt nach eppes dovun erwaarden?
Militär aus 6 Länner um internationale Manöver an der Belsch
Bis de 5. Dezember huele 700 Militär um internationale Manöver an der Belsch deel. D'Interoperabilitéit a Kampftaktike stinn um Programm.
Eventtipp: Den Duo "Just About" spillt zu Mamer
De Lëtzebuerger Sven Sauber an d'Kanadierin Elya Craig hu sech viru gutt dräi Joer zoufälleg kennegeléiert a maachen zënterhier zesumme Musek.
Ukrain: wouhi féieren déi lafend Friddensverhandlungen?
E Gespréich mam Expert Joachim Weber, deen um Center for Advanced Security, Strategic and Integration Studies (CASSIS) op Uni zu Bonn ënner anerem iwwer d'Ukrain fuerscht.
Esou wëllt e Grupp vu Gemenge d'Enn vu Cattenom erzwéngen
Bal 50 Gemengen hu sech der Allianz géint Nuklearenergie ugeschloss. D'Zil ass et eng Verlängerung vun der Autorisatioun vun der Atomzentral vu Cattenom ze verhënneren.
Wat mécht de FOCUNA?
De Jo Kox, President vum Fonds culturel national erkläert, op wéi eng Manéier de Fong déi kulturell Aktivitéit hei am Land ënnerstëtzt.