1976 war de Silvester Stallone eng éischte Kéier als Rocky Balboa op der Leinwand ze gesinn an huet domat eng Kultfigur geschaf, déi nach Generatiounen duerno jidderee kënnt. D’Verëffentlechung war matten am gëllenen Zäitalter vum Boxsport, zu Zäite vu Legende wéi Muhammad Ali oder Joe Frazier - an den Hype hat och hei am Grand-Duché Fouss gefaasst, well och hei - fir genee ze soen am Süde vum Land, gouf et deemools eng gréisser Boxszen. Eng nei Ausstellung am Escher Theater kuckt op de Boxsport am Minett an de leschte 50 Joer zeréck.
Den Dokumentarist a Rapper Alain Tshinza huet dës Expo curatéiert. Hien ass selwer am Minett opgewuess an ass enk mat der Zeeen verbonnen.