Véier Lëtzebuerger Koproduktioune waren dëst Joer am Wettbewerb vun der 75. Berlinale - een absolutte Rekord. Eng dovunner krut och ee Präis, an zwar dem Radu Jude säi “Kontinental 25“, deen och an der Competitioun vum LuxFilmFest lafe wäert. De Jeff Schinker huet mam Paul Thiltges, Koproduzent vu “Kontinental 25“ geschwat - an de Palmarès analyséiert.
arrow_back_ios
Kultur
Berlinale (9)
headphones
17 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Jeff Schinker
Episoden

Albumrezensioun: Tyler, the Creator
Den Hellege vun alle Faarwen

Filmkritik: "Trois amies"
Déi dramatesch Comedie aus Frankräich gouf am leschte Grousse Kino beschwat. Hei nach eng Kéier d'Diskussioun

Ausbléck op Walfer Bicherdeeg an de Lëtzebuerger Buchpräis
Fir iwwer dës Eventer ze schwätze sinn d‘Lynn Klein vun der Walfer Gemeng an de Ian De Toffoli, Vizepresident vun de Lëtzebuerger Bicherediteuren eis Invitéen.

Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a verréit Iech, wat fir eng kulturell Highlighten Dir ënner der Woch net sollt verpassen.

Beethoven am Rittersall
De Philippe Koch, de Stéphane Giampellegrini an de Johan Schmidt interpretéiere Pianostrioe vun dräi Komponisten zu Buerglënster am Schlass.

Years and Years
E Science Fiction Drama, an deem mir d'Famill Lyon begleeden.

Rentrée littéraire (6) Vun Zivilkricher a Genoziden: "Houris" vum Kamel Daoud a "Jacaranda" vum Gaël Faye
De Jeff Schinker hëlt de Prix Goncourt an de Prix Renaudot ënner d'Lupp

Den Dram vum Grunge
War der Florence Besch hiren éischten Album "Hi Now Hello" nach fest am Singer-Songwriter-Genre verwuerzelt, esou léisst si sech um Nofollger "Gathering Hearts" inspiréiere vun Nirvana, Patti Smith an Hole.

No um Publikum
De Sänger Benedikt Wesner wëllt de Publikum mat a seng Musek zéien, esou, wéi wann e géif e Film erliewen.

19. Dezember: Centenaire vum Lëtzebuerger Moler a Manager Gust Graas
Zënter ufanks 2024 tourt d’Christiane Graas mat der Konscht vun hirem Papp duerch d’Kulturhaiser.
The Road vum Manu Larcenet
Eng BD vum Manu Larcenet, no enger Geschicht vum Cormack McCarthy

The Ancient Iwwert Afrofuturismus an Detroit
Ee Gespréich mat engem vun den zentrale Figure am Afrofuturismus Konschtmouvement vun Detroit

40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes
Eng grouss Editioun mat 148 Kandidat:innen: D'Micky Thein, d'Direktesch vun der UGDA Musekschoul, verréit méi.

D’ESAL-Laureatinnen 2024: Marianne Villière (F) a Clio Van Aerde (L)
Gëschter Owend goufen am Mudam d’Laureatinne vun den Edward-Steichen-Awards 2024 ausgezeechent.

Anne-Marie Reuter - M for Amnesia
D'Bespriechung vum dystopesche Roman aus dem Haus Black Fountain Press

Rising Stars
De jonke Braatschist Sao Soulez Larivière spillt am Kader vun der Serie Rising Stars 17 Concerte queesch duerch Europa. Dorënner och een zu Lëtzebuerg an der Philharmonie.

L I N am Gudde Wëllen
The Private is Political

Filmkritik: "Anora"
Dem Amerikaner Sean Baker seng duerchgedréite Palme d'Or gouf am leschte Grousse Kino beschwat.
