Kultur
40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes
10 min
148 Kandidaten a Kandidatinne maachen dëst Joer mat beim 40. Concours luxembourgeois pour Jeunes Solistes vun der UGDA Musekschoul. Deen ass den 10. November am Stater Conservatoire.
80 Kandidaten a Kandidatinne komme vu Lëtzebuerg, de Rescht kënnt aus aneren europäesche Länner. All Joer gëtt de Concours nämlech och fir een oder zwee Instrumenter op europäeschem Niveau ausgeschriwwen, an dëst Joer sinn dat d'Trompett an d'Querflütt.
Den 10. November spillen awer net nëmmen all Kandidaten a Kandidatinnen, mee och véier Solisten a Solistinnen aus de leschte 40 Joer trieden zesumme mat der Militärmusek op.
D'Micky Thein, d'Direktesch vun der UGDA Musekschoul, selwer eemol Laureatin vun dësem Concours huet dem Marie Schockmel méi verroden iwwer de Concours a seng 40. Editioun.
Presentéiert vum
- Marie Schockmel