arrow_back_ios
Moiesstudio
headphones
2 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden

"Zéro alcool. 100% toi-même!"
Ënner deem Slogan appeléiert de Gesondheetsministère fir e verstännegen Alkoholkonsum. Explikatioune vun der Catherine Tomicic aus der Direktioun vun der Santé

Presidententrick
... ass d'Lëtzebuerger Wuert vum Joer 2024. Den Alexandre Ecker, Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch (ZLS) erkläert, wéi a firwat de Choix op dat Wuert gefall ass.

Als Reporter an d'Tsunami-Regioun
Den RTL-Journalist Jeannot Ries ass 2004 e puer Deeg nom Tsunami an d'Katastrophegebitt gereest. Hien erzielt, wéi hien déi schlëmm Biller an Andréck vun deemools erlieft a verschafft huet.
Christmas de Luxe
De Christophe Mirkes aus der 100,7-Klassikredaktioun huet dräi traditionell Lëtzebuerger Chrëschtlidder nei arrangéiert an opgeholl.
Nordstadfusioun: Réckbléck op 2024 an Ausbléck op déi no Zukunft
Esou munches ass dëst Joer a Saachen Nordstadfusioun geschitt. Zu Bettenduerf kënnt et dowéinst d'nächst Joer zu engem Referendum, zu Ierpeldeng un der Sauer dogéint net ...

"Komm, hei gëtt et cool!"
D'Josée Hansen freet sech op déi nei Erausfuerderung als Cheffin vum Kulturservice vun der Stad Esch.
D'Joer vun enger enormer Finanzfraude bei Caritas Lëtzebuerg
D'Joer 2024 zu Lëtzebuerg wäert och als d'Joer vun der Caritas-Affär an Erënnerung bleiwen.

D’Saison vun der Gripp ass lancéiert
De Joël Mossong aus der Direktioun vun der Santé kommentéiert déi neisten Zuele vu Gripp-, Covid- an RSV-Infektiounen.
Traditionelle Chrëschtconcert an der Philharmonie
Dëst Joer ass et fir d’éischte Kéier net méi de Pierre Cao, deen déi méi wéi 100 Sänger:inne vun de Lëtzebuerger Philharmoniker dirigéiert, mee den Ivan Boumans.

No der Baisse vun den EZB-Leetzënsen
D’Spuerkeess wäert d’Zënsen op den 1. Januar och no ënnen adaptéieren.

Lëtzebuerger Musekspräis
An der Philharmonie goufe gëschter Owend d’Lëtzebuerger Musekspräisser verginn.

Tëschent schwéierem Beruffsalldag a groussen Dreem
D'Ecole d'Hôtellerie et de Tourisme zu Dikrech (EHTL) huet sech zur Missioun gemaach, jonk Leit op Beruffer aus der Gastronomie, dem Service, dem Tourismus a Kommunikatioun ze preparéieren.

"D'Quadratur vum Krees"
De Wirtschaftsminister Lex Delles erkläert, firwat hien d'Ouvertureszäiten am Commerce nei gereegelt huet.

Europawäit Campagne #BanLeadNow
"Verbitt Bläi elo": Natur&Ëmwelt setzt sech fir e Verbuet vu Bläi an, deen iwwer d’Juegd (Munitioun) an d’Fëscherei (Aangelgewiichter) an d’Natur geréit. D'Claudine Felten erkläert.

Virum Urteel an der Affaire Pelicot
De Lëtzebuerger Affekot Marc Theisen huet e puer Sëtzungen am Geriichtssall zu Avignon verfollegt. Am 100,7-Interview beschreift hie seng Andréck.

Anti-Mobbing-Cours zu Wolz an der Maison relais
D’Organisatioun Clever Kanner bitt Sensibiliséierungs-Course géint Mobbing a Schoulen a Maison-relaisen un.

Ouvertureszäiten am Handel: OGBL an LCGB entsat
D'Gewerkschafte schwätze vun enger "weiderer Attack op d'Salariéen an hir Famillen". Den LCGB-President Patrick Dury erkläert, firwat d'Roserei esou grouss ass.

Impressioune vun Damaskus
Eise Korrespondent Philip Crowther huet déi éischt Woch vun der neier syrescher Fräiheet am Land selwer erlieft. Wat si seng Andréck?
Wéi entsteet Bëtong?
D’Mëschung aus Zement, Waasser a Gestengskäre gëtt fir Plaffongen, Maueren oder och Piliere benotzt. Bei der Produktioun gëtt awer och vill CO2 ausgestouss.
