arrow_back_ios
Moiesstudio
Tëschent schwéierem Beruffsalldag a groussen Dreem
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow
D'Ecole d'Hôtellerie et de Tourisme zu Dikrech (EHTL) huet sech zur Missioun gemaach, jonk Leit op Beruffer aus der Gastronomie, dem Service, dem Tourismus a Kommunikatioun ze preparéieren. D'Schoul huet ronn 350 Schüler a bitt breetgefächert Formatiounen un. Dorënner den DAP Restaurateur an den DT Tourisme et Communication. De Fokus vun der Schoul leit op der Kombinatioun vu Praxis an Theorie. D’Maxi Pesch war sech e Schouldag an der EHTL ukucken.
mic_none
Presentéiert vum
- Maxi Pesch