Kannerkëscht
Der Nonna Rosa hire legendäre Valentinsdag
41 min

De Jos, eise léiwe Lausbouf aus der Anja Di Bartolomeo senge Geschichten, ass déi Kéier komplett op Vältesdag, also den Dag vun de Verléiften, fixéiert. Et geet am Fong manner ëm hie selwer wéi ëm d’Nonna Rosa. Si hunn nämlech all zesummen eng Iddi, wéi si der Nonna Rosa fir Vältesdag eng riseg Iwwerraschung kënne maachen. Dat ass eng ganz flott Iddi, kéint een unhuelen. Mee dir wësst, wann de Jos, de Bopa Maria an deem säi Kolleeg Loulou mateneen hantéieren, da kann aus Vältesdag fir d’Nonna Rosa ganz séier e Katastrophe-Vältesdag ginn.
Episoden

Experiment: Mir maachen en neit Blat Pabeier!
An eisem Experiment weist de Joseph Rodesch, wéi een aus alem Pabeier en neit Blat Pabeier maache kann.

Wat kann ee maachen?
Besonnesch a Pandemie-Zäiten mat villen Restriktiounen, weess een dacks net wat maachen, abee de Site Kannerzäit.lu kann do weider hëllefen.

E verstengerte Libelleflillek mam Numm Gallodorsetia Kronzi
Am natur musée am Stater Gronn ass den Ament eppes enorm Rares ausgestallt, e ganz spezielle Libelleflillek!

D'Banneliewen vun enger Käerzeflam
Am Experiment vun haut erkläert de Mister Science dem Jean Claude Majerus wat speziell bannen an enger Käerzeflam ass.

De Gilles Lacour iwwer de Museksunterrecht
Als éischt gitt dir gewuer, wat d'Aarbecht vum Commissaire fir den Enseignement musical ass.

Wat sinn Ammoniten?
D'Catherine Faber aus dem Naturmusée huet elo am Kannereck déi néideg Explikatiounen zu dëser Fro.
Chrëschtdagsgeschicht: "De Mischi muss fort"
Eng Chrëschtdagsgeschicht vun der Anja Di Bartolomeo, bei där de Jong Charel an de Mischi am Mëttelpunkt stinn. Mir wënsche vill Spaass.
Dem Da Vinci seng Biller
Dem Moler, Zeechner an Universalgenie Leonardo Da Vinci seng berüümtste Biller
Ierbessen, e Glas a Waasser
Am Experiment weise mir iech, wat ee mat Ierbessen an engem Glas voll Waasser maache kann.
Weltdag Alphabetiséierung
1966 huet d'UNO de Weltdag vun der Alphabetiséierung lancéiert. En Dag, wou un déi ronn 800 Millioune Mënsche weltwäit geduecht gëtt, déi Problemer beim Liesen a Schreiwen hunn.
