
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Moiesstudio
Episoden


Naturpark Öwersauer: Déi nächst 10 Joer
Deen éischte Lëtzebuerger Naturpark gëtt méi grouss a wëllt mat neien Iddien an d'Zukunft goen. Explikatioune vum President Jeff Gangler.

Den Ausbau vum Tram op Esch a Bieles gëtt ëmmer méi konkret
Den Tram ass elo um Findel ukomm, an den nächste Jore geet et a Richtung Esch an Areler Strooss, Hollerech an um Kierchbierg virun.

Trajet op d'Aarbecht: Ëmmer nach am léifste mam Auto
D'Auswäertung vun der Vollekszielung 2021 weist, datt den Undeel vu Leit, déi mam ëffentlechen Transport op d'Aarbecht fueren, bannent 10 Joer quasi net bougéiert huet. Waren d'Investissementer ëmsoss?

D'Weststreck zu Tréier geet op
Vun haut de Moien un ass d'Weststreck zu Tréier fir de Persounen-Zuchverkéier op. Vun der Reaktivéierung vun der Weststreck solle souwuel d'Leit déi do Liewen, wéi och d'Frontalieren an Touriste profitéieren.
Dat bréngt den Dag
Diskussiounen iwwer d'EU-Sécherheetspolitik, d'Situatioun an der Ukrain an e Rapport iwwer d'Situatioun am Eenzelhandel

E Sonndeg ass d’Dikrecher Kavalkad
52 Ween, déi duerch Dikrech fueren, virun Dausende Visiteuren.

Rar Krankheeten: Ee Kampf fir méi Opmierksamkeet
Den 29. Februar ass den Dag vun de rare Krankheeten. Déi sinn zwar net esou seelen, mee ëmmer nach net interessant genuch fir d'Pharmaindustrie sech dofir ze interesséieren. Interview mam ALAN-President

Steven Pitman: En Äddi un déi grouss Bün
E Sonndeg seet de Steven Pitman no 25 Joer als Elvis Tribut Artist der grousser Bün Äddi, an dat mat sengem Elvis-Farewell Concert mat ville Lëtzebuerger Museker am groussen Auditorium vun der Philharmonie.

Viru 5 Joer gouf et deen éischte Corona-Fall zu Lëtzebuerg
Den 29. Februar 2020 gouf deen éischte Fall vum Coronavirus zu Lëtzebuerg nogewisen. Wat du koum, hu mir nach all an Erënnerung: Lockdownen, Maskepflicht ... E Réckbléck
Dat bréngt de Weekend
Ouverture vun der Tramsstreck op de Findel, Nationalkongresser vun CSJ an déi Konservativ an d'Fuesend

Déifferdeng: Jonker sollen eng dediéiert Plaz am ëffentleche Raum kréien
Keng Aarbecht, keng gutt Wunnsituatioun, Alkohol, Drogen: Zu Déifferdeng hu vill Jugendlecher Problemer. Do, wou si sech am ëffentleche Raum wëllen treffen, fille sech anerer gestéiert.

Doudeg Wëllvigel: E kriminellen Akt
Warscheinlech huet en Onbekannten am Zéissenger Park Mais- a Rategëft verdeelt, wéinst deem elo eng ganz Rei Vigel ëmkoumen. Explikatioune vum Dr. Felix Wildschütz, dem Direkter vun der ALVA.

Wéi geféierlech ass deen neie Camp-Hill-Virus?
Deen neie Virus gouf viru Kuerzem bei Spëtzmais an den USA entdeckt a krut vill Opmierksamkeet an de Medien. Mee ass e wierklech geféierlech oder ass d’Alarmbereetschaft no der Covid-Pandemie elo einfach méi grouss?

Pollen am Februar
Eenzel Allergiker wäerte scho geplot sinn: aktuell sinn Hieselter-, geschwënn och Bierkepollen an der Loft. Interview mat der Dr. Farah Hannachi, der Cheffin vum Service vun der Immunologie an der Allergologie am CHL.

Kris um Bau
D'Handwierkerkammer schléit Alarm a fuerdert d'ëffentlech Hand op, méi ze maache fir de Bau unzekuerbelen. Froen un de Generaldirekter Tom Wirion
Dat bréngt den Dag
Efforten am Kampf géint geschlechtsspezifesch Gewalt, Diskussiounen iwwer den TICE an de brittesche Premier an den USA
Neit Gebai Lycée privé Emile Metz
Haut (26.2.) ass d'Aweiung zu Déifferdeng, um zweete Site vun der Schoul (nieft Dummeldeng). Explikatioune vum Direkter Pascal Thill

Laurent Zeimet: "Beim Konflikt an der Ukrain geet et och ëm eis Fräiheet"
Dat behält den CSV-Député-Maire vu senger éischter Visitt an d'Krichsland zeréck.
