Den 8. Dezember war e Gidderschëff aus nach ofgekläerte Grënn an d'Schleisepaart gerannt. D’Struktur vun der Schleis gouf esou schro beschiedegt, datt se net méi konnt fir de reguläre Betrib genotzt ginn. De Schëffsverkéier op engem vun de meescht befuerene Flëss an Europa louch doropshi flaach. Wat fir Konsequenzen déi zwee Méint gespaarte Musel fir déi Betraffe Schëffskapitänen an och fir déi lokal Wirtschaft hat, huet d’Sté Bisenius zesummegefaasst.
arrow_back_ios
Moiesstudio
Muer soll dat éischt Schëff erëm iwwer d'Musel fueren
headphones
4 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Mam Kleeschen um Schëff
Déi leschten Deeg a virun allem dës Nuecht hat de Kleeschen nawell vill ze dinn. Normalerweis flitt hie mat sengem Schlitt, mee zu Réimech hëlt hien ëmmer d’Schëff fir bei d’Kanner ze goen.
Virun der Réouverture vun der Notre-Dame
E Gespréich mam Alex Langini, Expert fir Kierchebauten, iwwer dee (séieren) Nees-Opbau vun der Paräisser Kathedral nom schroe Feier vum 15. Abrëll 2019
Réckbléck 2019: nom Feier vun der Notre Dame
2019 hat de franséische President versprach, d'Kathedral bannent 5 Joer nees opzebauen; vill Experten hunn dat deemools fir onméiglech gehalen.

"Léiwe Kleeschen, gudde Kleeschen, ..."
Wou kënnt dat Lidd hier a wien huet et geschriwwen? D'Michelle Barthel war an d'Vergaangenheet sichen.

"Ondugen": Wort vs. Mierscher Theater
An der Affär ëm en Interview mat engem Auteur, deen et net gëtt, fillt de Wort-Chefredakter Roland Arens sech vum Theaterdirekter Claude Mangen erageluecht.

LSC-Finalist: Luzac
Last but not least: an eiser Serie an där mir Iech déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest virstellen ass et hei um Luzac.

Affär Hesper Fussball: Streik vun de Spiller wéinst net bezuelte Paien
Zanter e Sonndeg leeft de Fussball hei am Land net méi ganz ronn: D'Spiller vun Hesper hu gestreikt, well si keng Sue méi kréien, an dat huet Repercussiounen op déi ganz national Zeen.
Éischt Hornhaut-Transplantatiounen zu Lëtzebuerg
Den Dokter Christian Eulufi aus dem Service national d’ophtalmologie spécialisée an den HRS huet déi éischt Hornhaut-Transplantatioune realiséiert, déi jee zu Lëtzebuerg gemaach goufen.

En haarde Coup fir den Investigativjournalismus?
Wat bedeiten d'Revelatioune vu Mediapart an NDR iwwer den OCCRP (Organized Crime and Corruption Reporting Project)? Explikatiounen a Froen un de Christoph Bumb vu reporter.lu

De 4. Dezember ass Bärbelendag
Méi wéi 40 Joer nodeems déi lescht Minn zu Lëtzebuerg zougemaach huet, gëtt d'Schutzpatréinesch vun de Biergleit nach ëmmer am Minett gefeiert. Erklärunge vum Historiker Denis Klein

Affär Sarah de Nutte: Epilog oder Suite?
An engem Gespréich kucke mir op d'Affär de Nutte zeréck, op weider Mëssstänn, déi an der Suite dovun op d'Tapéit koumen, an op d'Zukunft an der Lëtzebuerger Dëschtennis-Welt.

"Mir sinn Affer gi vun eisem eegene Succès"
Esou reagéiert den ITM-Direkter Marco Boly op rezent Kriticke géint d'Gewerbeinspektioun.

UNO-Konferenz iwwer d'Degradatioun vum Buedem
No de grousse Biodiversitéits-, Klima- a Plastikkonferenzen, gëtt elo zu Riad a Saudi-Arabien iwwer Buedemqualitéit a Wüsten-Ausbreedung diskutéiert. Den Thomas Schoos aus dem Ëmweltministère ass op der Plaz.

LSC-Finalistin Mäna
An eiser Serie, an där mir Iech déi 7 Finaliste vum Luxembourg Song Contest virstellen, ass et dës Kéier un der jéngster Kandidatin: déi 23 Joer jonk Mäna.

De Schatz vu Holztem
Nieft de Fundamenter vun engem Burgus sinn Archeologe bei Ausgruewungen och (a virun allem) op 141 wäertvoll Mënze gestouss. D'Lynn Stoffel vum Institut national de recherches archéologiques (INRA) erkläert.
Op Visitt am Sekretariat vum Kleeschen
Nëmmen nach 3 Mol Schlofen, da kënnt de Kleeschen! D'Sophie Schroeder war sech säi Sekretariat bei der Post ukucken, wou d'Bréiwer vun de Kanner ukommen a beäntwert ginn.

No der Conférence des Comités vun der CGFP
D'Reaktioun vum CSV-Deputéierte Maurice Bauer, deen an der Chamber d'Kommissioun vun der Fonction publique presidéiert.

Luxembourg Song Contest Finalist: One Last Time
One Last Time ass zeréck op der Bün vum Luxembourg Song Contest. Schonn d'lescht Joer wollte si de Jury iwwerzeegen.

Wëldfleesch: FSC fuerdert, datt d'Originn méi kloer gemaach gëtt
D'Wëld gehéiert fir vill Leit Chrëschtdag an d’Kachdëppen. Mee wou kommen de Marcassin oder d’Biche eigentlech hier? Obwuel d'Bëscher hei iwwerfëllt wieren, géif ze vill importéiert ginn, kritiséiert de Pit Mischo vun FSC Lëtzebuerg.
