De Stolproduzent ArcelorMittal versprécht, datt duerch eng nei grouss Anlag um Site zu Déifferdeng 85 Prozent vum Stëbs aus der Produktioun soll zréckbehale ginn.
Dëse Projet géif net realiséiert ginn, fir méi ze produzéieren, mee just fir d’Ëmwelt an d’Noperschaft z’entlaaschten, hat et schonn am Joresrapport 2024 vun ArcelorMittal Lëtzebuerg geheescht.
Den neie “Système de dépoussiérage” am Wierk zu Déifferdeng hunn déi Responsabel vun ArcelorMittal d’lescht Woch bei hirer Receptioun fir dat neit Joer presentéiert.