De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Filmkritik: Neruda - Pablo Larraín
Ee lyreschen Drama, dee mat Fantasie a Witz eng Episode aus dem chilenesche Poet sengem Liewen presentéiert.
Den André Breton war him zevill bourgeois
D'Cinémathéik weist eng Alejandro Jodorowsky-Retrospektiv a feiert seng visuell an narrativ Oppulenz.
Eng onëmgänglech Figur am amerikanesche Kino
D'Cinémathéik weist eng Francis Ford Coppola-Retrospektiv.
Kritik: A Monster Calls vum J.A. Bayona
En däischter-poetesche Coming-of-Age Film, mat engem Monster

Cees Nooteboom: e fervente Visiteur vu Kierfechter
"Turbulenzen". "Tumbas". "Die Insel, das Land. Geschichten aus Spanien". "Roter Regen. Leichte Geschichten" ...