arrow_back_ios
Kultur
61 Objets du mois am CNL - bis elo
headphones
6 min
Lauschteren
play_arrow
Kollektioune bekannt maachen a Fonge valoriséieren, déi soss net onbedéngt grouss thematiséiert ginn, dat ass ee vun de Grënn, firwat ee sech et am CNL zanter 2012 zur Gewunnecht gemaach huet, all Mount een Objet aus den Archiven erauszepicken an unhand vun deem Stéck e kuerzen Essay ze schreiwen, deen Abléck an déi dacks vill méi faarweg a villfälteg Archive vum Nationale Literaturarchiv gëtt, wéi ee sech et géif virstellen. D'Nathalie Bender erkläert.