Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Melody Nelson Mandela

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Nei Filmer

Den Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch

"Séisme" am Théâtre du Centaure

Ass et vernünfteg, ee Kand an d'Welt ze setze mat all den Ëmweltproblemer, déi eis aktuell ëmginn?

Word in progress an der KUFA

Net WORK in Progress, mais WORD in Progress

Ins Licht sehen

Das neueste Buch von Margret Steckel

Ins Licht sehen

Das neueste Buch von Margret Steckel

Nei Filmer

Den Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch

"Les Autres"

E Projet am Kapuzinertheater, an deem de Jean Louis Benoit véier Kuerzstécker vum Jean Claude Grumberg zesummegeholl huet.

Den Hemingway, de Prënz Eugen, an déi aner

All Tableau vum Kent Iwemyr enthält ee mysteriéisen oder cocassen Detail.

Film-Concours Créajeune

E Film-Concours fir Kanner a Jugendlecher an der Groussregioun, deen dëst Joer fir déi néngte Kéier organiséiert gëtt.

Möglicherweise gab es einen Zwischenfall

Den Escher Theater weist an Zesummenaarbecht mam Kasemattentheater en engagéiert Stéck iwwer (on)mënschlech Decisiounen a vermeintlechen Heldentum.

De Xavier Kieffer an e Guide gastronomique vun 1939

Dem Tom Hillenbrand ass mam fënnefte Xavier-Kieffer-Roman, "Gefährliche Empfehlungen", e spannenden, mat historeschen Elementer gewierzte Plat gelongen.

Himmel und Hölle

Dee 6. Volet aus der CD-Serie "Stimmen Bayerns" vum Münchener Label Trikont: en Abléck an d'Séileliewen vum Freistaat

Ee Gangster-Film, deen an der Prohibitiounszäit spillt

De Ben Affleck huet seng eegen Adaptatioun vum Gangster-Roman "Live By Night" inszenéiert a spillt och d'Haaptroll. D'Niewerolle si besser.