arrow_back_ios
Kultur
Den Hemingway, de Prënz Eugen, an déi aner
"It’s not that damned easy!" ass den Titel vun enger Expositioun vum schwedesche Moler Kent Iwemyr am Espace 1 vun der Galerie Clairefontaine. Seng figurativ Tableauen, déi, wéi de Kënschtler selwer seet, aus der Fantasie vun engem 14- oder 15 Joer ale Bouf entsprongen ze si schéngen, stellen op den éischte Bléck Mënschen an alldeegleche Situatiounen duer. Wie méi genee kuckt, entdeckt awer esou munnech intrigant Elementer. D'Cléo Thoma war kucken.