De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Kulturhaaptstad 2022: Dossier prett
Den Dossier fir d'Kandidatur vun Esch als Kulturhaaptstad ass am Drock. De 15. September soll dee Projet bäi engem EU-Jury eragereecht ginn.
Kulturhaaptstad 2022: Dossier prett
Den Dossier fir d'Kandidatur vun Esch als Kulturhaaptstad ass am Drock. De 15. September soll dee Projet bäi engem EU-Jury eragereecht ginn.
Nei Filmer
De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch.
Toy Story a Wallace & Gromit
Coup de Coeur aus dem Abécédaire vun der Cinemathéik
