arrow_back_ios
Kultur
Toy Story a Wallace & Gromit
Beschreiwung: Souwuel déi amerikanesch Pixar Studios wéi déi britesch Aardman Productions hu Moossstief a Saachen Animatiounsfilm gesat. Mat ganz ënnerschiddlechen Technike gemaach (CGI a Computeranimatioune fir déi eng, Stop-Motion fir déi aner) sinn hir Aarbechten net just e Pleséier fir ze kucken. Hir Villschichtegkeet an hiren Humor maachen se fir Grouss a Kleng gratifiant ze kucken. Gutt, datt een och an dësen Zeechentrick-Filmer Binomer untrëfft.