Radioen

On air

9 bis 1  |  J. Bernardt - Taxi

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Filmkritik: Petit paysan vum Hubert Charuel

E grousse Film iwwert e klenge Bauer

Liesung: Klang a Rhythmus

Wéi lauschtert ee Literatur, ouni ze héieren? Mam Paule Daro, Jhemp Hoscheit an Nico Helminger.

Filmkritik: Petit paysan vum Hubert Charuel

E grousse Film iwwert e klenge Bauer

CinEast Gewënner

"Birds are Singing in Kigali" vu Joanna Koz-Krauze a Krzysztof Krauze ass de Gewënner vun der 10. Editioun vum CinEast Filmfestival.

"Am Balkan herrscht eng Macho-Kultur"

Interview mat der mazedonescher Actrice Labina Mitevska iwwert d'Haltung vu Männer géintiwwer Fraen am Balkan. Si huet am Film "When the Day had no Name" matgespillt.

Alexandra Balteanu

"Prowl" ass kee feministesche Film esou déi rumänesch Realisatrice. Am 100,7-Interview schwätzt si iwwert de Respekt vun de Prostituéierten.

Man Booker Prize fir de George Saunders

Den US-amerikanesche Schrëftsteller setzt sech mat engem aussergewéinlechen Wierk géint eng staark Konkurrenz duerch.

"D'Leit spille gäre mam System, fir zu hirem ze kommen"

"The Line" ass ee spannende Gangsterfilm iwwert de Schmuggel op der slowakesch-ukrainescher Grenz. Interview mam slowakesche Realisateur Peter Bebjak.

Deutscher Herbst 1977

Am Hierscht 1977, viru 40 Joer, huet den Terror vun der Roten Armee Fraktion - RAF an Däitschland säi bluddegen Héichpunkt kannt.

"Making a difference" um CinEast-Filmfestival

D'Fotoausstellung presentéiert Mënschen a Projeten aus Mëttel- an Osteuropa, déi anescht sinn.

Requiem for Mrs. J - Rekvijem za gospodju J.

Gespréich mam serbeschen Acteur Boris Isakovic iwwer de Film, deen am Kader vum CinEast gewise gëtt.

Nei Filmer

De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch