Kultur
"D'Leit spille gäre mam System, fir zu hirem ze kommen"
Eng kleng slowakesch Uertschaft op der Grenz mat der Ukrain am Joer 2007, kuerz virum Bäitrëtt vun der Slowakei an de Schengen-Raum. Den Adam ass de Chef vun enger slowakescher Gangsterband, déi haaptsächlech Zigaretten an och Mënschen iwwert d'Grenz an d'EU schmuggelt - praktesch ee Familljebetrib, dee seng Mamm viru Joren an d'Liewe geruff hat. Den ukrainesche Boss, deen de ganze Reseau kontrolléiert, setzt den Adam ënner Drock, fir och Drogen duerchgoen ze loossen. Aus moralesche Grënn refuséiert hien dat awer. Wéi laang geet dat nach gutt? Virun allem: kann den Adam op d'Loyalitéit vu sengen enkste Mataarbechter setzen?
Dat ass - graff resuméiert - d'Geschicht vun "The Line", engem spannende Gangsterfilm vum Peter Bebjak, deen am Kader vum CinEast-Festival gelaf ass. De Michel Delage huet sech mam slowakesche Realisateur ënnerhalen.