Radioen

On air

Notturno  |  Tom Waits - Jockey Full Of Bourbon

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Vu Fuerscherinnen an Zaldotinnen

Um Internationale Fraendag 2018 stelle mir verschidde Fraen a Männerberuffer vir. De Phänomen ass nämlech méi rezent, wéi een denkt.

De Guy Daleiden bei den Oscaren

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong war bei der 90. Editioun vun den Academy Awards dobäi.

Nei Filmer

De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch

De Guy Daleiden bei den Oscaren

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong war bei der 90. Editioun vun den Academy Awards dobäi.

Dat chinesecht Karl-Marx-Monument ass zu Tréier ukomm

No laangen Diskussioune gouf déi imposant Transportkëscht mat enger Semi-Remorque geliwwert. Bis déi offiziell Inauguratioun gëtt de Marx aus Bronze op enger geheimer Plaz tëschegelagert

Dat chinesecht Karl-Marx-Monument ass zu Tréier ukomm

No laangen Diskussioune gouf déi imposant Transportkëscht mat enger Semi-Remorque geliwwert. Bis déi offiziell Inauguratioun gëtt de Marx aus Bronze op enger geheimer Plaz tëschegelagert

Nei Filmer

De kuerzen Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch

Salon du livre - e puer Andréck

Am Kader vum CLAE-Fest war och e Salon du Livre an den Hale vun der LuxExpo organiséiert. D'Buch stoung net op der gewonnener Säit.

Sträit ronderëm den documenta 14 Obelisk

16 Konschtinstallatiounen huet d'Stad Kassel no documenta-Ausstellunge bis ewell ouni Problem kaf; Nummer 17 spléckt awer elo d'Meenungen.

Salon du livre - e puer Andréck

Am Kader vum CLAE-Fest war och e Salon du Livre an den Hale vun der LuxExpo organiséiert. D'Buch stoung net op der gewonnener Säit.

Statements zur US-mexikanesch Grenz am New Yorker Mad

D'New Yorker Ausstellung La frontera: encounters along the border presentéiert déi US-mexikanesch Grenz als Bijou.

Statements zur US-mexikanesch Grenz am New Yorker Mad

D'New Yorker Ausstellung La frontera: encounters along the border presentéiert déi US-mexikanesch Grenz als Bijou.

Sträit ronderëm den documenta 14 Obelisk

16 Konschtinstallatiounen huet d'Stad Kassel no documenta-Ausstellunge bis ewell ouni Problem kaf; Nummer 17 spléckt awer elo d'Meenungen.

Leipziger Buchmesse 2018

Politesch-sozial-literaresch- den Direkter vun der ostdäitscher Bicherfoire Oliver Zille am Gespréich.

Déi 90. Editioun vun den Oscaren

Am Dolby Theater zu Los Angeles gouf an der Nuecht fir déi 90. Kéier d'Oscare verginn - de wichtegste Filmpräis vun der Welt.

Luxfilmfest: Kritik vu "Sweet Country"

Mat sengem Western zeechent den australesche Realisateur Warwick Thornton en éischter pessimistescht Bild vun de Relatioune vun den Australier mat hiren Urawunner.

Luxfilmfest

D'Documentairen "Of Fathers and Sons" an "Schwaarze Mann", d'Lëtzebuerger Co-Productioun "Mary Shelley" an de Bilan vun deenen zwou Kompetitiounen