arrow_back_ios
Kultur
Statements zur US-mexikanesch Grenz am New Yorker Mad
D'Grenz tëscht Mexiko an den USA verleeft laanscht véier amerikanesch a sechs mexikanesch Staaten. An Ziffere mécht se iwwert 3.000 km aus. Zënter engem Joer versicht den Donald Trump seng Pläng a Wahlverspriechen zur Sécherung vun der Grenz ze realiséieren. Mä esou einfach geet dat elo guer net. Ënnert anerem well et trotz allem vill Echangen un der Grenz gëtt. Fannen och d'Kënschtler vun enger aktueller Expo am Museum of Arts and Design zu New York. Detailer vum Kerstin Thalau.