De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.
arrow_back_ios
Kultur
Ravel + am CAPE
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
Episoden
Le héros congolais Patrice Lumumba obtient sa place à Bruxelles
Ce samedi 30 juin a été inauguré la place Patrice Lumumba à Bruxelles, du nom du héros de l'indépendance du Congo Belge, détenu par la Belgique pendant plus de cinquante ans.

LiteraturLabo 9: American dream?
Nach zweemol schlofe goe bis de LiteraturLabo 9!
De Papp vun der moderner Hygiene
Den Ignaz Semmelweiss huet duerch Desinfektioun vun den Hänn ville Fraen nom Accouchement oder enger Fausse Couche d'Liewe gerett.
De Papp vun der moderner Hygiene
Den Ignaz Semmelweiss huet duerch Desinfektioun vun den Hänn ville Fraen nom Accouchement oder enger Fausse Couche d'Liewe gerett.

Andrzej Stasiuk
De polnesche Schrëftsteller huet vill ze soen. Iwwer Literatur, iwwer Polen, iwwer d'EU, iwwer Russland an iwwer engagéiert Musek ...
E Maulkuerf beim ORF?
Den ORF steet an der Kritik, wéinst enger Social-Media-Regel, déi hire Mataarbechter verbitt "eesäiteg oder parteiesch Meenungen" ze posten.

Andrzej Stasiuk
De polnesche Schrëftsteller huet vill ze soen. Iwwer Literatur, iwwer Polen, iwwer d'EU, iwwer Russland an iwwer engagéiert Musek ...

Expo "Thierry" am CNA
Am Pomhouse vum CNA zu Diddeleng geet e Sonndeg eng Ausstellung iwwer dem Thierry Van Werveke säi Liewen op.
