Kultur
LiteraturLabo 9: American dream?
5 min
Nach zweemol schlofe goe bis de LiteraturLabo 9! Iwwermuer, Mëttwoch, 4. Juli ass et souwäit: mir setzen eis nees zesumme mat Iech a kucken eis e spezifeschen Aspekt Literatur un.
Déi Kéier: rezent amerikanesch Auteuren wéi Philip Roth, Paul Auster, Marisha Pessl a wien eis soss nach an d'Gräpp gefall ass an der Recherche am Virfeld vun dësem LiteraturLabo, deen - wie den Zoufall et wollt - op de 4. Juli, 4th of July, amerikaneschen Nationalfeierdag fält.
Aus dem Grond invitéieren d'LiteraturLaboranten Valerija Berdi, Ian De Toffoli an Nathalie Bender fir de LiteraturLabo 9 op Steesel, an d'Kulturhaus Laval-Tudor an de Park am Haff. An dat Gebäi, dat de Päerdsstall vun enger Proprietéit war, an deem tëschent 1969 an 1972 den amerikanesche Botschafter Kingdon Gould Jr. residéiert huet.