Radioen

On air

9 bis 1  |  Francis Of Delirium - Who You Are

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Tournage Himbeeren mit Senf

De Kanner- a Jugendfilm Himbeeren mit Senf verzielt vun de ville Problemer, déi entsti wann een sech verléift.

Filmkritik: "Eng Äerd"

De Lëtzebuerger Documentaire "Eng Äerd" proposéiert alternativ Produktiouns- a Liewensweisen. Wéineg originell, monoton, onkritesch, mengt de Michel Delage.

Nei Filmer

Déi nei Woch am Kino! Wat gëtt et Extraes?

Performance Konscht als Activismus

"Are we there yet?" heescht d'Ausstellung, déi et déi nächste Méint an der Abtei Neimënster ze gesi gëtt.

CinEast-Festival 2020 trotz Covid

Déi 13. Editioun (8.-25. Oktober) wäert wéinst den Hygienes-Reegelen eng hybrid sinn: reduzéiert Kapazitéit an de Säll an Online-Offer.

Keng Plaz fir Kanner

De leschte Weekend ass am TNL mat "Objet d'attention" di nei Theatersaison agelaut ginn.

D'Geschicht vum Minett... vun ënnen

Historiker vun der Uni.lu encouragéieren de grousse Publik, d'Alldagsgeschicht vum Minett matzeschreiwen: mat Dokumenter, Fotoen, Erzielungen...

Guy Helminger a Romain Butti am Kinneksbond

Zwee Theaterstécker, déi sech mat de Suitten vum Covid 19 ganz ënnerschiddlech befaassen.

En "Island" am Mudam

Di indonesesch visuell Kënschtlerin Fiona Tan hëlt eis am Mudam mat hirem Video "Island" mat op eng ergräifend Billerrees a schwaarzwäiss.

Wirrwarr

'Wirrwarr' aus dem Suhrkamp Verlag mat Gedichter vum Hans Magnus Enzensberger a Graphike vum Jan Peter Tripp.

Biller vun enger Ausstellung: "Video Quartet"

De Kënschtler Christian Marclay huet Musiksequenzen aus 700 Filmer geschnidden an domat déi monumental Installatioun "Video-Quartet" kreéiert.

Nora Wagener -Alle meine Freunde

E Roman iwwer d'Päischtcroisière ...

D'Squatfabrik an neiem Design

Vu datt den Design fir en etlech eppes Abstraktes ass, loossen d'Designerinne Lisa Kaiffer a Roxanne Flick Iech un hirem Prozess deelhuelen.

Rentrée culturelle zu Esch

Zu Esch soll d'Kulturliewen um Weekend ëm den 3. Oktober relancéiert ginn. ''Rentrée culturelle'' hunn déi Responsabel de Programm gedeeft.

Nathalie Jacoby - Nei Directrice vum Nationale Literaturzenter

Den 1. Oktober iwwerhëlt déi laangjäreg wëssenschaftlech Mataarbechterin am CNL den Direktiounsposten.

D'Roll vun den "hi/stories" an der ominéiser "History"

Mat der Fotoserie hi/stories zielt de Fotograf Sébastien Cuvelier d'Geschichte vu fënnef Réfugiéen zu Lëtzebuerg, stellvertriedend fir anerer mat.

Dem Patrick Galbats seng Vue vun engem "Waiting Room"

Fir d'Expo "Mateneen" huet de Fotograf Patrick Galbats provisoresch Liewensraim vu Refugiéen zu Lëtzebuerg besicht an hir Atmosphär erëmginn.

Nei Filmer

Déi nei Woch am Kino! Wat gëtt et Extraes?

Luxemburg und der Zweite Weltkrieg - Resistenz a Repressalien

Och Lëtzebuerger Schrëftstellerinnen a Schrëftsteller ware vun Ëmsiidlungen an Deportatioun net verschount.

Filmkritik: "The Devil All The Time"

Den amerikaneschen Drama "The Devil All The Time'' dréit ëm d'Méiglechkeet fir dem staarke sozialen Determinismus ze entkommen. Leeft op Netflix.