Kultur
Performance Konscht als Activismus
"Are we there yet?" ass den Titel vun enger Ausstellung am Kader vun den" Transition days": An de nächsten 9 Méint äussere sech 9 Kënschtler an enger Video Performance zu verschidden Theme vum Festival: (3 Themen oplëschten). Kuratrice ass d'lëtzebuerger Kënschtlerin Nora Wagner. Si huet och fir déi éischt Video Performance mam Titel Phoenix mam Kënschtler John Herman koopéreiert. D'Lara Bousch huet sech mat mat der Nora Wagner getraff.
Et ass e Kärcher deen zwou Welten trennt. Op der enger Säit ass e Mann dee just eng Schwammbox an e Schwammbrëll unhuet. An en huet eng Krätsch, well et feelt him e Been. Hien steet am Strahl vun engem Hochdruckreiniger, deen eng Fra géint hie riicht. De Mann ass de Kënschtler John Herman, d'Fra d'Kënschtlerin Nora Wagner.