Radioen

On air

Vue sur mer  |  

play_arrow Live
search / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Shorts made in/ with Luxembourg

Aacht Lëtzebuerger Kuerzfilmer gi beim Luxembourg City Filmfestival 2021 presentéiert. De Sujet: déi verbassen an zwecklos Sich nom Gléck.

Pas ta mère, pas ta muse, pas ta chose

De Richtung 22 Kënschtlerinne-Bloc huet um Fraestreik 2021 fir d'Gläichberechtegung vu Fraen an der Konschtwelt demonstréiert.

cooperationsART: géint Monotonie fir kreativ Fräiraim

Gewunnechte briechen an nei kënschtleresch Approchë woen: d'Ziler vum Wëlzer Kënschtlerkollektiv cooperationsART fir hir Kufa-Residenz.

"Superspreader" mam Peter Lohmeyer am TNL

A sengem Stéck sicht den Albert Ostermaier no de Responsabele vun der aktueller Pandemie.

De Kënschtlerkollektiv cooperationsART geet nei Weeër

Wärend hirer Residenz an der Escher Kufa hu sech d'Wëlzer Kënschtler vu cooperationsART ee Mount laang kreativ ausgetoobt, Neies getest.

Lancement vum Casino Display

Casino Display heescht en neien Espace fir jonk Kënschtler, deen de Casino Luxembourg elo am renovéierte Konschthaus beim Engel ageweit huet.

Eng sécher Plaz fir cooperationsART

An der Escher Kufa huet de Kënschtlerkollektiv cooperationsART eng sécher Plaz fir ze kreéiere fonnt; Point de départ ass dacks d'Matière.

Luxfilmfest: "Air Conditioner"

Klimaanlagen als leschten Depositär vun der kollektiver Memoire nom Biergerkrich, esou den SF-Zenario am Mëttelpunkt vun dësem angolanesche Kompetitiounsbäitrag.

Claire Parsons

Fraen am Jazz, Feminismus a Gesang: E kuerz Gespréich mat der Lëtzebuerger Musekerin

Kulturassisen Rock-Pop-Electro

Am Kader vum Kulturentwécklungsplang waren an der Rockhal zwou Table-Ronden iwwer dee Beräich zu Lëtzebuerg. De Kulturministère wëllt d'Acteure vum Secteur verstoen.

Eng Japanerin ze Wien

Si ass eng Operesängerin, mee elo spillt si Theater a leet déi Wiener TheaterArche.

D'CoopérationsART-Kënschtler an der Escher "Squatfabrik"

"To squat" bedeit "an d'Huppe goen". An eng "Squatfabrik" wier e Fitnessstudio? Nee: Räim an der Escher Kufa, déi mat Konscht besat ginn.

Ready. Set. Design.: Venedeg

2001 hunn eng 300 Handwierker bannent e puer Méint zu Esch eng gigantesch Filmkuliss gebaut: d'Reproduktioun vun engem fréiere Venedeg.

Frontalier

Dem Jean Portante säi Monolog inzenéiert vum Frank Hoffmann

Frontalier

Dem Jean Portante säi Monolog inzenéiert vum Frank Hoffmann

Buchkritik: Paul Rauchs - "Virons le virus!" (Capybarabooks)

An dësem ''Essai de journal (dé)confiné" sinn d'Wuertspillereie vum Psychanalyst kee Selbstzweck, mee droen zur Opklärung bäi, mengt de Michel Delage.

Ready. Set. Design: Filmdécore "made in" Lëtzebuerg

D'Professionaliséierung vum Filmsecteur zu Lëtzebuerg huet knapps 40 Joer. D'Expo "Ready. Set. Design." weist di rasant Entwécklung.

Christian Berkel

Nieft dem Schreiwen ass virun allem d'Schauspillerei seng grouss Passioun.

Ready. Set. Design.: d'Iddi hannert der Expo

D'Expo "Ready. Set. Design." ass en Homage un d'Zeenografie an d'Filmdécoren, déi tëscht 1980 an 2020 zu Lëtzebuerg realiséiert gi sinn.

Filmkritik: ''Un Pays qui se tient sage"

Franséischen Documentaire iwwer d'Policegewalt wärend de Gilets jaunes-Protester. E wichtegen Denkustouss iwwer déi autoritär Tendenze vun den Demokratien.