Kultur
D'CoopérationsART-Kënschtler an der Escher "Squatfabrik"
Eng Rei Kulturhaiser haten de leschte Summer spontan Aktioune lancéiert, fir d'Kënschtler vu Lëtzebuerg, a komplizéierten Zäiten, ze ënnerstëtzen. Sou hat zum Beispill d'Escher Kulturfabrik hier "Squatfabrik" opgemaach: am 2-3 Woche-Rhythmus ware Kreativer, am fréiere Keramikatelier vun der Kufa, a Konschtresidenz. Mat dobäi: de Wolzer Kënschtlerkollektiv "cooperationsART". D'Zesummenaarbecht hat esou gutt geklappt, datt de Grupp fir eng zweet Residenz op Esch invitéiert ginn ass, déi Kéier fir e ganze Mount. D'Kerstin Thalau fir d'éischt emol mat e puer Impressioune vum Summer 2020.