Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Pixies - Where Is My Mind?

play_arrow Live
Musek a Kultur / Kultur

/ Ravel + am CAPE

Ravel + am CAPE

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow

De Pianosfestival vum CAPE setzt all Joer Komponist:innen an de Mëttelpunkt. Dëst Joer gëtt dem Maurice Ravel säin 150. Gebuertsdag gefeiert. Wärend véier Owender gi vum 30. Januar bis den 2. Februar Stécker vum franséische Komponist vun 8 Pianist:innen opgefouert. Am Kader vum Pianosfestival Ravel + spillt d'Cathy Krier dëse Samschden, 1. Februar e Programm mat a ronderëm D'Musek vum Ravel. De franséische Komponist huet eng besonnesch Bedeitung fir d'Pianistin. Op hirem leschten Album hat si scho Gaspard de la nuit interpretéiert. Si erzielt ënner anerem iwwer de roude Fuedem vum Programm a wat si un der Musek vum Ravel esou begeeschtert. Dat besonnescht ass, datt de Pianosfestival Ravel + sech net nëmmen em de Maurice Ravel a seng Kompositiounen dréint, verréit d'Ana Maria Tzekov, artistesch Direktesch vum CAPE.

Episoden

Tatty Macleod | © Tatty Macleod

Tatty Macleod

Si ass den Donneschdeg op Besuch zu Lëtzebuerg
headphones

7 min

play_arrow
Filmkritik: "Sing Sing"

Filmkritik: "Sing Sing"

Dësen amerikanesche Prisongsdrama ass am leschte Grousse Kino beschwat ginn.
headphones

8 min

play_arrow
"Den Interpret ass maximal gefuerdert."

"Den Interpret ass maximal gefuerdert."

De Lëtzebuerger Pianist Jean Muller huet sech intensiv mam Mozart senge Pianossonaten ausernee gesat an dës elo op fënnef CD'en erausbruecht.
headphones

8 min

play_arrow
Um Radar - ënnert der Woch

Um Radar - ënnert der Woch

Den Nicolas Calmes huet säi Radar aktivéiert a gëtt Tipps fir spannend kulturell Rendez-vousen dës Woch.
headphones

8 min

play_arrow
Réckbléck Eurosonic 2025

Réckbléck Eurosonic 2025

Wéi ass d‘Performance vu Ryvage um Showcase Festival zu Groningen ukomm a wéi eng Decouvertë gouf et dëst Joer? DenJamie Reinert an Yves Stephany klären op.
headphones

17 min

play_arrow
Erënnerungsconcert vun der Militärmusek | © Morgane Weidig

Erënnerungsconcert vun der Militärmusek

Den 22. Januar organiséiert d’asbl MemoShoah Luxembourg e Concert am Mierscher Kulturhaus. D'Militärmusek spillt ënner der Baguette vum Jean-Claude Braun.
headphones

11 min

play_arrow
De Soundatlas an Zesummenaarbecht mam Klangkënschtler Sam Erpelding

De Soundatlas an Zesummenaarbecht mam Klangkënschtler Sam Erpelding

Wat kënnen Tounopnamen der Natur bréngen?
headphones

17 min

play_arrow
Teaser B-Radio "Alice Frohnert, Ex-Prostituéiert"

Teaser B-Radio "Alice Frohnert, Ex-Prostituéiert"

D'Journalistin a fréier Prostituéiert Alice Frohnert setzt sech zënter Joren dofir an, d’Prostitutioun als Beruff ze rehabilitéieren.
headphones

5 min

play_arrow
Um Radar - De Weekend

Um Radar - De Weekend

Den Nicolas aktivéiert säi Radar a verréit iech, wat fir eng kulturell Highlights dir de Weekend net sollt verpassen.
headphones

7 min

play_arrow
Ryvage um Eurosonic Festival | © Jamie Reinert

Ryvage um Eurosonic Festival

De Lëtzebuerger Produzent spillt haut den Owend um gréissten europäesche Showcase Festival
headphones

10 min

play_arrow

Squid Game- Staffel 2

Déi éischt Staffel war e risege Succès. Kann d'Fortsetzung elo do uknäppen?
headphones

5 min

play_arrow
Pleasing Release-Party an der Escher KUFA

Pleasing Release-Party an der Escher KUFA

De Samschde presentéiert déi Lëtzebuerger Alternative Band an der Kulturfabrik zwou EPen.
headphones

14 min

play_arrow
Lëtzebuerg beim Eurosonic Festival | © Jamie Reinert

Lëtzebuerg beim Eurosonic Festival

Et geet Rieds iwwer Perspektive vu Lëtzebuerger Acteuren aus dem Musekssecteur op den internationale Bünen
headphones

13 min

play_arrow
Tëschent Concert a Studium | © Radio 100,7

Tëschent Concert a Studium

De jonke Geiist Yanis Grisó trëtt mam Schengen Trio op.
headphones

9 min

play_arrow
D’Aube Rey Lescure iwwert hire Roman "River East, River West"

D’Aube Rey Lescure iwwert hire Roman "River East, River West"

De Roman t koum ufanks lescht Joer bei den Editions William Burrow an Duckworth eraus.
headphones

12 min

play_arrow
Unlearn

Unlearn

Den neien Album vum Lëtzebuerger Ensembel "Machine à Trois" (Mà3)
headphones

9 min

play_arrow
De Michał Łuczak mat "Extraction" beim Prix Pictet

De Michał Łuczak mat "Extraction" beim Prix Pictet

Fotografie als Bestandsopnam fir spéider Generatiounen
headphones

10 min

play_arrow
Eurosonic - wat ass dat iwwerhaapt?

Eurosonic - wat ass dat iwwerhaapt?

Den éischte grousse Rendez-vous vum Joer fir den europäesche Musekssecteur fänkt haut un.
headphones

6 min

play_arrow
Benjamin Kuithof gewënnt bei den ICMA

Benjamin Kuithof gewënnt bei den ICMA

De jonke lëtzebuergesche Cellist kritt de Präis vum Young Artist of the Year 2025
headphones

7 min

play_arrow
Zum Doud vum Michel Medinger | © radio 100,7

Zum Doud vum Michel Medinger

De Fotograf a Liichtathleet Michel Medinger mat 83 Joer gestuerwen