Kultur
De Michał Łuczak mat "Extraction" beim Prix Pictet
10 min
Zanter gutt 15 Joer belount de Pictet Group regelméisseg ee besonnesche Foto-Projet mam Prix Pictet, an deemno mat 100’000 schwäizer Frangen. De Präis ass un e Sujet am Beräich vun der nohalteger Entwécklung gekoppelt, déi Kéier ass e mat “Human” iwwerschriwwen. 300 international Foto-SpezialistInnen haten Aarbechte vun enger Hellewull FotografInne proposéiert, e Jury huet 9 Finalisten nominéiert, deenen hier Fotoen, no London, San Diego, Shanghai a München, bis dëse Sonnden inclus am Stater Cercle Cité ze gesi sinn. Di indesch Laureatin vum aktuelle Prix Pictet, d’Gauri Gill, déi sech mat der ländlecher Populatioun an der indescher Peripherie beschäftegt, konnt leider net op Lëtzebuerg kommen, dofir war awer z.B. de Pol Michał Łuczak am Cercle Cité, an d’Kerstin Thalau hat d’Geleeënheet, him e puer Froen ze stellen.
Presentéiert vum
- mc-kt_60