Déi féier brittesch Kolonie, déi réischt am Joer 1964 offiziell hir Onofhängegkeet krut, ass Lëtzebuerg eigentlech zimmlech änlech. Malta ass e klengt Land mat enger interessanter Sprooch, an dem och vill Auslänner:innen liewen. Zanterdeem si 2004 Deel vun der Europäescher Unioun gi sinn, hunn och ëmmer méi Malteeser:innen decidéiert, op Lëtzebuerg ze kommen. Wat zitt si heihinner, wei gesinn si Lëtzebuerg a gëtt et eng malteesesch Communautéit zu Lëtzebuerg? D’Cally Kerschen huet bei der Monique Troisi Brosse, der Anabel Hyzler an dem Sean Micallef Trigona nogefrot.
arrow_back_ios
Fënster Op
Malta
Lauschteren
play_arrow
headphones
52 min
mic_none
Presentéiert vum
- Cally Kerschen
Episoden
Südtiroul
Südtiroul läit am Norde vun Italien, mä ass eng Regioun, déi kulturell éischter éisträichesch wéi italieenesch wierkt an duerch déi beandrockend Dolomiten bekannt ass.
DDR
Haut maache mir d'Fënster op e Land, dat et haut net méi gëtt: d'Däitsch Demokratesch Republik, kuerz DDR.
Estland
Estland läit un der Ostsäit vum Baltesche Mier a grenzt u Lettland a Russland, wärend Finnland nëmmen eng 80 Kilometer iwwer de Golf vu Finnland ewech läit.
Costa Rica
Costa Rica, e Land a Zentralamerika tëschent der Karibik an dem Pazifik mat enger beandrockender Natur mat Vulkaner, Reebëscher an enger aussergewéinlecher Biodiversitéit.
Serbien
Serbie läit am d’Häerz vum Balkan, mat senger Haaptstad Belgrad, déi um Zesummefloss vun der Donau an der Save läit.
Aruba
Aruba ass eng kleng Insel an der südlecher Karibik, eng vun den ABC-Inselen, bekannt fir hir wäiss Plagen, türkiist Waasser, vill Sonn, an den Divi-Divi-Bam.
Mauritius
Mauritius ass en Inselstaat am Indeschen Ozean mat 1,3 Milliounen Awunner:innen op 2103 km². D’Land huet eng erstaunlech kulturell Diversitéit.
Mexiko - 2
Et ass dat 13. gréisste Land an huet mat 130 Milliounen Awunner:innen déi gréisste spueneschsproocheg Communautéit op der Welt.
Montserrat
Montserrat ass eng kleng Vulkaninsel an de Klengen Antillen an der Karibik. Si läit südwestlech vun Antigua an nordwestlech vu Guadeloupe.
Trinidad an Tobago
Et geet an d’Karibik, op d’Inselrepublik Trinidad an Tobago. Déi zwou Haaptinselen, nëmmen 11 Kilometer virun der Küst vu Venezuela, ziele ronn 1,5 Milliounen Awunner:innen.
Senegal
De Senegal läit a Westafrika um Atlantik, gëtt bal komplett vu Mauretanien, Mali, Guinea a Guinea-Bissau ëmginn an ëmschléisst de klengen Noper Gambia wéi eng Insel am Land.
Nationalfeierdag-Spezial 2
Wéi eng Deeg gi grouss an anere Länner gefeiert?
Albanien
Albanie läit am Balkan un der Adria an um Ionesche Mier a grenzt u Montenegro, de Kosovo, Nordmazedonien a Griichenland.
Kuba
Kuba ass déi gréissten Insel an der Karibik. E Land mat kolonialer Geschicht, Revolutioun, Zigaren, Rum a weltbekannter Musek.
Bulgarien
Bulgarie läit um Balkan, tëscht Rumänien, Serbien, Nordmazedonien, Griicheland an der Tierkei.
Ecuador
Haut entdecke mir e klengt, mee immens villsäitegt Land a Südamerika.
D’Vereenegt Staate vun Amerika
D’Vereenegt Staate vun Amerika sinn eent vun de gréissten an aflossräichste Länner op der Welt. E Land tëscht Kanada a Mexiko.
Nordmazedonien
Nordmazedonien ass e Binnestaat am Balkan am Südoste vun Europa, deen u Serbien, Bulgarien, Griichenland, de Kosovo an Albanie grenzt.
Portugal
Mir werfen endlech e Bléck op eng Communautéit, déi Lëtzebuerg wéi kaum eng aner gepräägt huet: déi portugisesch Diaspora.