Radioen

On air

Notturno  |  Adanowsky, Beck - Chain Reactionary

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

100komma7.lu / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Alain de Muyser

Wéi eng Zukunft fir de Benelux? E Gespréich mam Generalsekretär vun der Dräi-Länner-Unioun.

Richard Graf

E kritesche Bléck op de Projet vum neie Pressehëllef-Gesetz, mam woxx-Journalist a Member vum Presserot.

Jean-Paul Schaaf

E Gespréich mam Ettelbrécker Buergermeeschter, deen am Oktober als CSV-Norddeputéierte fir de Marco Schank an d'Chamber noréckelt.

Josée Lorsché

Déi gréng Fraktiounscheffin iwwer déi neist Entwécklunge vun der Covid-Kris an déi fir hir Partei ongewinnt schwiereg Zäiten.

Andrew Ferrone

De Chef vum landwirtschaftleche Wiederdéngscht iwwer den Impakt vun Hëtzt an Dréchent op Landwirtschaft a Wäibau.

Monique Goldschmit

D'Presidentin vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ iwwer déi Covid-bedéngt Vëlos-Euphorie, an dat wat muss geschéien, fir se oprecht ze erhalen.
Pierre Mellina

Pierre Mellina

Ee Joer nom Tornado: de Péitenger Buergermeeschter erënnert sech un den 9. August 2019.

Claude Strasser

De Generaldirekter vun der Post iwwer 5G-Frequenzen a -Geforen, den Ausbau vum Glasfasernetz an d'Roll vu senger Entreprise während der Covid-Kris.

Monika Bachmann

Déi saarlännesch Gesondheetsministerin iwwer d'Konditiounen ënner deenen ee vu Lëtzebuerg an d'Saarland areese kann, an iwwer d'Gestioun vun der Kris an hirem Bundesland.

Heinrich Kreft

Kuerz viru sengem Depart vu Lëtzebuerg, no véier Joer: e Gespréich mam däitschen Ambassadeur.
Claudia Monti

Claudia Monti

E Gespréich mat der Mediatrice iwwer zousätzlech Kompetenzen, déi si fir d'Institutioun Ombudsman revendiquéiert.

Dr. Carine Federspiel

D'Generaldirektesch vu ZithaSenior a Vize-Presidentin vun der COPAS iwwer d'Erfarunge mat der éischter, d'Gestioun vun der zweeter an d'Virbereedung op eng drëtt Covid-Well.
headphones

18 min

play_arrow
Simone Asselborn-Bintz

Simone Asselborn-Bintz

Mir froen déi nei Buergermeeschtesch vu Suessem, wéi eng Mesuren hir Gemeng hëlt fir de Coronavirus anzedämmen.
Ulf Nehrbass

Ulf Nehrbass

Mir froen de Spriecher vun der wëssenschaftlecher Covid-19-Task-Force, wéi et am Summer mat de Massentester virugeet.

Friedrich Mühlschlegel

Mir froen den Direkter vum Staatslabo (LNS), ob hei zu Lëtzebuerg geschwë mat Speicheltester op de Coronavirus ka getest ginn.
Jean-Paul Lickes

Jean-Paul Lickes

Mir froen den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt, wéi vill "Vakanz doheem" eisen Drénkwaasserreseau verdréit.

Guy Antony

Mir froen de President vu Radio ARA, firwat hie sech net doriwwer freet, datt säi Sender soll Zougang zur Pressehëllef kréien.

Pascale Junker

Mir froen d'Autorin vum Essai "Le Luxembourg en 2050", wat mer aus der aktueller Kris fir d'Zukunft kënne léieren.
Dr. Claude Schummer

Dr. Claude Schummer

Mir froen de Generaldirekter vun den Hopitaux Robert Schuman op seng Klinicke prett si fir déi zweet Well vu Corona-Patienten.
headphones

18 min

play_arrow

Sven Clement

Mir froen den Deputéierte vun der Piratepartei, ob eng Tracing-App kann hëllefen déi zweet Well vum Coronavirus ze stoppen.