Radioen

On air

Notturno  |  Klein - Catharsis

play_arrow Live
arrow_back_ios

Invité:e vum Dag

Radioprogramm / Invité:e vum Dag

/ Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

Zeenewiessel: Deen neien 100,7-Doku-Podcast

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Am Mäerz 2003 ordonéiert de Justizminister Luc Frieden d'Expulsioun vun engem Terrorverdächtegen. Eng ganz Famill muss d'Land verloossen. Ass ee Feeler geschitt, deen haut nees misst guttgemaach ginn?

"Kollateralschued" heescht déi éischt Serie am “Zeenewiessel”. Dës Geschicht iwwer déi Lëtzebuerger Participatioun um sougenannte Krich géint den Terror verziele mir a véier Episoden. Déi éischt Episod diffuséiere mir den 13. Januar op 100komma7.lu, op Spotify an op Apple Podcasts. Lauschtert den Trailer an abonéiert Iech elo fir keng Episod ze verpassen.

Natierlech kënnt Dir de Podcast och an eiser Mediathéik lauschteren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Marie-Jo-Thiel

"Abus sexuels. Écouter, enquêter, prévenir" ass den Titel vun engem Buch, dat déi franséisch Doktesch an Theologin erausginn huet.
headphones

17 min

play_arrow

Dr. Jean-Claude Schmit

D'Corona-Infektiounszuele klammen: Wat erwaart eis am Hierscht? A wéi bereede mer eis dorop vir? E Gespréich mam Direkter vun der Santé.
headphones

15 min

play_arrow

Gaston Trauffler

Wat geschitt der Industrie, wann de Gas knapp gëtt? Dozou e Gespréich mam Responsabele fir d'Industriepolitik bei der FEDIL.
headphones

17 min

play_arrow

Claude Turmes

Wéi vill Kompromësser beim Klimaschutz sinn néideg, fir datt mir och ouni russesche Gas iwwer de Wanter kommen? Dat froe mir de gréngen Energieminister.
headphones

17 min

play_arrow

Ainhoa Achutegui

Ass d'Recht op Ofdreiwung och hei am Land a Gefor? Dat froe mir d'Presidentin vum Planning Familial.
headphones

14 min

play_arrow

Ginette Jones

Sinn d'Sozialämter gutt genuch opgestallt fir deenen ze hellëfen, déi sech déi héich Wueren net méi leeschte kënnen? Dat froe mir d'Presidentin vum Verband vun den Office socialen.
headphones

14 min

play_arrow

Josée Kirps

Viru véier Joer gouf d'Archiv-Gesetz gestëmmt: D'Direktesch vum Staatsarchiv zitt e Bilan.
headphones

16 min

play_arrow

Paulette Lenert

E Gespréich mat der Gesondheetsministesch iwwer hir Pläng an der Drogepolitik, a wéi eng Rees a Portugal hir Vue op de Sujet verännert huet.
headphones

16 min

play_arrow

Isabelle Schlesser

Mir schwätze mat der Directrice vun der ADEM iwwer d'Situatioun um Lëtzebuerger Aarbechtsmaart.
headphones

17 min

play_arrow

Lex Delles

Mir schwätze mam neie President vun der Demokratescher Partei.
headphones

13 min

play_arrow

Nicolas Duca

Mir analyséieren d'Resultater vun de franséische Parlamentswalen mam Doktorand op der Chaire de recherche en études parlementaires vun der Uni Lëtzebuerg.
headphones

14 min

play_arrow

Carlos Paulos

Ass dat neit Cannabis-Gesetz wierklech e Fortschrëtt? Dat froe mir de Responsabelen vum Projet Pipapo, dee Jonker iwwer Drogen opkläert.
headphones

12 min

play_arrow
Franz Fayot

Franz Fayot

Mir froen de Wirtschaftsminister op d'Mesuren aus der Tripartite duer gi fir d'Betriber duerch d'Kris ze bréngen.
headphones

17 min

play_arrow
Marc Wagener

Marc Wagener

Huet d'Regierung finanzielle Spillraum fir d'Stéit weider ze entlaaschten? Dat froe mir de President vum Conseil National des finances publiques virum Vott vum Tripartite-Gesetz haut.
headphones

16 min

play_arrow

Nathalie Oberweis

déi Lénk setze sech zesumme mam OGBL géint eng Index-Manipulatioun an. Mir froen d'Deputéiert vun déi Lénk op déi Zesummenaarbecht soll ausgebaut ginn.
Claude Wiseler

Claude Wiseler

D'CSV huet en neie Logo, mee mat wéi engen inhaltleche Schwéierpunkten wëllt d'Partei d'Wieler d'nächst Joer iwwerzeegen? Mir froen den CSV-President.
headphones

15 min

play_arrow

Carole Müller

E Gespréich mat der neier Presidentin vun der Confédération luxembourgeoise de commerce (clc)
headphones

13 min

play_arrow
Cécilia Gondard

Cécilia Gondard

D'Kandidatin vun der Lénks-Allianz NUPES fir de Sëtz vun de Fransousen aus dem Benelux an der Assemblée nationale huet sech fir den 2. Tour vun de Legislativwale qualifizéiert.
headphones

18 min

play_arrow

Gilles Baum

De President vun der Spezialkommissioun Tripartite iwwer déi parlamentaresch Aarbechten um Gesetz, mat deem den Accord vun Enn Mäerz ëmgesat gëtt.
headphones

16 min

play_arrow

Sandrine Gashonga

D'Vertriederin vun der Associatioun Lëtz Rise Up setzt sech a géint de strukturelle Rassismus an der Gesellschaft. Mir komme mat hir op eng turbulent Konferenz lescht Woch am Nationalmusée z