Invité:e vum Dag
Sandrine Gashonga
D'Vertriederin vun der Associatioun Lëtz Rise Up setzt sech an géint de strukturelle Rassismus an der Gesellschaft a fuerdert ënner anerem, datt Symboler vun der kolonialer Vergaangenheet vu Lëtzebuerg net demonstrativ am ëffentleche Raum gewise ginn.
Si war d'lescht Woch eng vun den Intervenante bei enger Konferenz, déi den Nationalmusée organiséiert huet, an déi éischter turbulent op een Enn gaangen ass. D'Theema war folgend Fro: "Lëtzebuerg, ee koloniale Staat?". Mir komme mat der Sandrine Gashonga op déi Konferenz an hiert Engagement ze schwätzen.
Moderatioun: Christiane Kleer