
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Den Hallwer Néng
Episoden


Wéi rett ee kleng Réi um Feld viru grousse Méimaschinnen?
Kleng Réi verstoppe sech gär am héije Gras viru Raubdéieren, wann hir Mamm net an der Géigend ass. Si bleiwen awer och leien, wa Méiaarbechte vu Baueren ustinn.

Wéi erliewe Politikerinne sexistescht Verhalen?
Politikerinne stinn an der Ëffentlechkeet an dat ka vu verschiddene Leit ausgenotzt ginn. Zwou Politikerinnen erziele vun hiren Erliefnisser.

Kann een eng nei Sprooch online léieren?
Mat der Lëtzebuerger Online-Plattform LLO.lu soll ee vun iwwerall an ëm all Auerzäit Lëtzebuergesch léiere kënnen. De Luc Schmitz, Sous-Direkter vum Institut national des Langues a Chef Projet vun LLO.lu gëtt Informatiounen.

Spezial Walen: den Dag duerno
D'Analys vun der 100,7-Redaktioun: de Maurice Molitor am Gespréich mat Jean-Claude Franck a Pia Oppel aus der 100,7-Chefredaktioun

Studentewunnengen an Tiny houses
Froen un d’Catherine Léglu, Vize-Rektorin vun der uni.lu an un de Claude Hermes, Patron vun engem Schräinerei-Betrib

Spezial Walcampagne (4/4)
Analys vun der Walcampagne a Geschicht vum Walsystem

Wéi bleiwe mir entspaant um Familljendësch?
Als Famill zesummen ze iesse verbënnt, mee um Familljendësch ass et net ëmmer harmonesch. Wéi een d'Iesssituatioun agreabel ka gestalten, verréit d'Simone Schammo vun der Eltereschoul.

Ginn d’Fuerscher vum Staatsarchiv ausgebremst?
Sträitgespréich tëschent dem Historiker Benoît Majerus an der Direktesch vum Nationalarchiv Josée Kirps

Roueg Stonne fir anzekafen
D’Akafen am Supermarché ka fir verschidde Leit extreeme Stress bedeiten. D'Joanne Theisen, selwer Autistin, erzielt, wéi eng Bedeitung déi sougenannt "heures silencieuses" am Supermarché fir si hunn.

Vëlo an ëffentlechen Transport: wou nach Sputt no uewen ass
Froen un de Jean Roilgen, laangjärege President vum Comité des usagers vu Bus, Zuch an Tram an un de Christophe Reuter, héije Beamten am Mobilitéitsministère

Spezial Walcampagne (3/4)
Wunnengsbaupolitik a Meenungsfuerschung

Firwat gi mir ëmmer méi ufälleg fir Allergien?
2050 wäert all Zweeten am Land mat enger Allergie geplot sinn.

Wäilies: Aussiichten a Suergen am Wéngert
Huet sech d'Schaffen am Wéngert verännert? De Bob Max ass Wënzer aus Leidenschaft, wéi hie seet. Hien erzielt iwwer seng Passioun, d'Erausfuerderungen am Familljebetrib an d'Zukunft vu sengem Beruff an den Drauwen.

30.000 Hoffnungen an ee Plang
D'ALAN, d'Associatioun, déi sech fir Mënsche mat rare Krankheeten asetzt, krut 25 Joer. D'Presidentin Anja Di Bartolomeo an den Dan Theisen waren d'Invitéen.

Op der Sich no 3.827 Infirmièren an 1.262 Dokteren
Rezepter géint de massive Personalmanktem am Gesondheetssecteur

Spezial Walcampagne (2/4)
Klimaschutz a Medienopsiicht

Wéi kommen d’Wierder an den Duden?
Froen un d'Cheffin vun der Duden-Redaktioun Dr. Kathrin Kunkel-Razum
