De Luxembourg Institute of Health (LIH) huet d‘lescht Woch d‘Resultater vun enger Fuerschungsaarbecht presentéiert, déi weist, datt haut scho méi wéi 40 Prozent vun de Leit hei am Land mat Allergië geplot sinn. An et ginn der ëmmer méi. Wouru läit dat? Kann een eppes dogéint maachen? A wa jo: wat?
Doriwwer schwätzt de Maurice Molitor mam Professer Markus Ollert, engem vun den Auteure vun der Etude.