Hiweis: Vun elo un fannt Dir dës Interviewen ënnert "Moiesstudio".
arrow_back_ios
Den Hallwer Néng
Hiweis
Lauschteren
play_arrow
headphones
2 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christiane Kleer
Episoden
Moukeliewensretter
Ënnerwee mat Benevolle bei enger Rettungsaktioun wärend der Moukewanderung
Vum Haff op den Dësch
Direktvermaartung an der Landwirtschaft: méi Akommes oder just méi Aarbecht? E Gespréich mat Marianne a Eric Pesch vun der Associatioun “Vum Bauerenhaff op den Dësch”.
No der DDoS-Attack
Explikatioune vum Direkter vum Centre des technologies de l'information de l'État (CTIE) Patrick Houtsch a vum IT-Sécherheetsexpert Jacques Federspiel vu Bee Secure
Den Dram vum eegene Betrib
Invitéë sinn d’Stéphanie Damgé, Directrice vun House of Entrepreneurship vun der Chambre de Commerce an den Alain Peigneux, e Patron, dee säi klenge Betrib an aner Hänn ginn huet.
Parc Merveilleux: Eng zäitlos Attraktioun fir Kanner?
De Parc Merveilleux zu Beetebuerg erwächt bei bal jiddwerengem vun eis Kandheetserënnerungen. Mee wéi vill Succès huet de Park haut nach? Mir ginn op d’Plaz kucken.
Klimawandel: Ass et nach sécher an de Bësch ze goen?
D’Fréijoer lued dozou an an de Bësch spadséieren ze goen. Mee dat ass an Zäite vum Klimawandel heiansdo net ongeféierlech. Mir froen e Fierschter, op wat ee muss oppassen.
Wéi erwächt een en neit Duerf zum Liewen?
An der Gemeng Kielen ass mat der Cité Elmen am Moment amgaang en neit Duerf ze entstoen: Wéi vill steet schonn? A wéi soll dat Ganzt zesummewuessen?
Zecken, déi onbeléift Parasitten
Invitéë sinn den Alexander Weigand, Biolog am natur musée, an d’Conny Huberty vun der Inspection sanitaire.
ADHS: eng psychesch Stéierung, déi een net op d’liicht Schëller huele sollt
.... soen d’Cathy Mangen, Directrice vum SCAP an de Kannerpsychiater Dr. Alexander Marcus.
Olympia, mir kommen!
134 Deeg virum Optakt vu Paräis 2024: e Gespréich mat der Sprinterin Patrizia van der Weken an dem Dressurreider Nicolas Wagner-Ehlinger
Tabutheema Psychos
Invitéen: Mady Juchem (Associatioun fir d’Famille vu Betraffene AFPL) an Dr. Paul Rauchs (Psychiater)
Sozialwalen am Betrib
D’Organisatioun vun de Walen, de Fonctionnement vun enger Personaldelegatioun an de Sozialdialog an der Entreprise sinn d’Theeme vun der Emissioun.
Zuchbegleeder bei den CFL
Mëtt Februar sinn Zich ausgefall, well et un Zuchbegleeder gefeelt huet. Elo gëtt recrutéiert. Informatiounen iwwer dee Beruff.
Wéi Kanner a Seniore géigesäiteg vunenee léiere kënnen
Invitéë sinn d'Auérlia Pattou (Directrice) an de Michel Delhasse (Vize-President) vun der ASBL Mouvement pour l'égalités des chances pour tous.
Och Lëtzebuerger Zaldote leiden ënner posttraumateschem Stress
Lëtzebuerger Zaldote leiden no Asätz am Ausland heiansdo nach jorelaang ënner deem, wat si erlieft hunn. Wéi kënne si gehollef kréien? Mir froen de Psycholog René Meneghetti an de Sylvain Eberhardt, dee selwer betraff ass.
Wat muss ee kënne fir Pompjee ze ginn?
D’Rettungsdéngschter vum CGDIS rekrutéieren och dëst Joer nees eng 50 Beruffspompjeeën. Mee wat muss een dofir matbréngen? Mir maachen eis am Ausbildungszenter zu Gaasperech e Bild.
Wéi gutt ass déi sexuell Opklärung zu Lëtzebuerg?
Lëtzebuerg ass Europameeschter, wann et ëm den Zougang zu Verhütungsmëttele geet - dat weist e rezente Ranking. Mee och d’Geschlechtskrankheeten huelen zou. Mir froen am Planning Familial no, wéi dat meiglech ass.
Eethesch Berodung a Strukture fir eeler Leit
Dat neit Gesetz iwwer d’Qualitéit vun de Servicer fir eeler Leit schreift de Prestatairen en Eethik-Comité vir. Wéi eng Froe ginn do behandelt?
Wat bréngt d’Renaturéierung vu Flëss a Baachen?
Nëmme Virdeeler, soen de Bruno Alves aus dem Ëmweltministère an de Guy Spanier, deen et um Beispill vun der Uelzecht beleeë kann.