Den Hallwer Néng
Den Dram vum eegene Betrib
25 min
Vill Mënschen hunn de Wonsch sech selbstänneg ze maachen an en eegene Betrib ze lancéieren. Mee muss et dann direkt en neie Betrib sinn? D’Chambre de Commerce huet am Joer 2018 an deem Kontext d’Plattform businesstransfer.lu gegrënnt, wou aktuell och d’Chambre des Métiers an de Wirtschaftsministère mat am Boot sinn.
De Sënn vun dëser Plattform ass et, Patronen, déi hir Entreprisë verkafe wëllen a Leit, déi e Betrib iwwerhuele wéilten, zesummenzebréngen. Well et ass um Enn sécher méi einfach e Betrib, dee scho leeft, weiderzeféieren, wéi bei Null unzefänken.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus