Kultur
“J’existe“
6 min

Leschte Samschdeg (16.11.) huet d’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen.
Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d’Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
CinEast: Mënschenhändler ausgeliwwert
Mënschenhandel a Schwaarzaarbecht stinn am Mëttelpunkt vum effikasse lettesche Film "Oleg", deen eng verstoppte Realitéit an eiser Gesellschaft opdeckt.
Der Julie Wagener hire Bléck duerch déi rout Lëns
D'Illustratrice huet fir den Escher Site "Rout Lëns" 60 Fändelen entworf, déi fir Passante wéi e Flip-Book funktionéiere sollen.

Wäiss a Schwaarz mam Maurice Clement
An der Pianosemissioun Wäiss a Schwaarz steet dës Kéier d'Improvisatioun am Mëttelpunkt. Invité ass den Organist an Improvisator Maurice Clement.
Der Julie Wagener hire Bléck duerch déi rout Lëns
D'Illustratrice huet fir den Escher Site "Rout Lëns" 60 Fändelen entworf, déi fir Passante wéi e Flip-Book funktionéiere sollen.
CinEast: Kleeder maache Leit
Den Deuil, d'Schold, d'Kraaft fir ze verzeien: de ganz iwwerzeegende polnesche Film "Corpus Christi" behandelt dës schwiereg Themen op eng originell Aart a Weis.
CinEast: Kleeder maache Leit
Den Deuil, d'Schold, d'Kraaft fir ze verzeien: de ganz iwwerzeegende polnesche Film "Corpus Christi" behandelt dës schwiereg Themen op eng originell Aart a Weis.
