arrow_back_ios
Kultur
Der Julie Wagener hire Bléck duerch déi rout Lëns
Viru fënnef Joer huet déi Escher Kulturfabrik de Projet "Kufa's urban Art" lancéiert. Zanterhier hu reegelméisseg national an international Urban Artists hir Konscht op Escher Mauere gezaubert. Den 11. Oktober ginn am fréieren Industriequartier Rout Lëns, deen an Zukunft an e Wunnvéierel verwandelt gëtt, dräi nei Aarbechte presentéiert: an zwar vun de bekannte Stroossekënschtler Sascha Di Giambattista an Eric Mangen, mee och vun der Julie Wagener. D'Kerstin Thalau huet d'Illustratrice an hirem Atelier besicht.