Kultur
“J’existe“
6 min

Leschte Samschdeg (16.11.) huet d’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen.
Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d’Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.
Presentéiert vum
- Marc Clement
Episoden
Nei Filmer
Eng breetgefächert Film-Offer, déi vun der Schluecht vu Midway iwwer eng Rees an d'Zombieland bis bei déi griichesch Finanzkris féiert.
Filmkritik: Doctor Sleep
Wat ass vun der Suite vum Stanley Kubrick senger Stephen King Verfilmung "The Shining" ze halen? D'Kritiker vum Grousse Kino hunn eng relativ eendeiteg Meenung.

"D'Finanzleit an d'Acteuren hunn d'Muecht beim Film iwwerholl"
De franséische Realisateur Jacques Doillon iwwer d'Schwieregkeet, nach usprochsvoll Filmer kënnen ze dréinen, iwwerbezuelt Acteuren an de Manktem u Virwëtz vum Publikum.

Filmkritik: Sorry We Missed You
Mat engem weideren zolitte Sozialdrama informéiert den englesche Cineast Ken Loach iwwer déi sozio-ekonomesch Entwécklungen a Groussbritannien.

"D'Finanzleit an d'Acteuren hunn d'Muecht beim Film iwwerholl"
De franséische Realisateur Jacques Doillon iwwer d'Schwieregkeet, nach usprochsvoll Filmer kënnen ze dréinen, iwwerbezuelt Acteuren an de Manktem u Virwëtz vum Publikum.
Emma Braslavsky - "Die Nacht war bleich, die Lichter blinkten"
En dystopesche Roman, deen der Realitéit ganz nokënnt.
Emma Braslavsky - "Die Nacht war bleich, die Lichter blinkten"
En dystopesche Roman, deen der Realitéit ganz nokënnt.
