Kultur
"Ewige Ruhe? Was die Toten über ihr Leben verraten"
Esou war de Konferenzenzyklus vu Les Rendez-vous de l'UNESCO de 7. Oktober iwwerschriwwen.
Kierfechter sinn net nëmme Plaze fir Erënnerung, mee si materialiséieren och Materialien a Vergaangenheet. E Fuerschungsprojet vun der Universitéit Lëtzebuerg, "RIP", beschäftegt sech mat dësem Thema, zu deem och ee Buch mam Titel "Ewige Ruhe? Concession à perpétuité?" erauskoum.
Passend zu den Deeg, wou de Verstuerwene geduecht gëtt, befaasse mir eis mam Thema Kierfecht an Doud, am Kader vun der Serie Konferenzen, déi dëse Freideg Moien, 1. November no 9:00 Auer op eiser Antenn diffuséiert gëtt. (D'Rediffusioun ass no 18:00 Auer ze héieren).