Radioen

On air

Notturno  |  Kendrick Scott - Your Destiny Awaits Feat. Reuben Rogers & Walter Smith III

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ “J’existe“

“J’existe“

headphones

6 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Leschte Samschdeg (16.11.) huet d’Mënscherechtsbeweegung ATD Quart Monde a Collaboratioun mam Lëtzebuerger Kënschtlerkollektiv Maskénada de Spektakel “J’existe“ opgeféiert. An der Performance geet et ëm d’Theema Aarmut an domat verbonne Virurteeler. Eis Stagiairin Lori Dauphin war an der Banannefabrik, fir mat de Kënschtler an de Realisateuren ze schwätzen.
Am Kader vum Projet gouf leschte Freideg och d’Schwäizer Etude “Armut-Identität-Gesellschaft“ vun ATD Quart Monde virgestallt. Zweck vum Fuerschungsprojet ass et, ee bessert Versteesdemech fir d'Thema Aarmut ze schafen. Fir Lëtzebuerg géing et fir den Ament nach keng vergläichbar Etude ginn, wéi de Carlo Kieffer erkläert. Hien ass Coordinateur bei ATD Quart Monde.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

E klenge "Brandy" um fréie Mueren

De Robert Brandy feiert 2021 e ronne 75. Gebuertsdag a kuckt op 50 Joer erfollegräich Kënschtlerkarriär zeréck. Den MNHA feiert mat.

Paräisser Oper: Wat bleift, wann de Publik feelt?

D'Opéra Nationale de Paris ass eng vun de prestigiéise Kulturinstitutiounen a Frankräich. Wéinst der Pandemie ass d'Oper allerdéngs schonn zanter iwwer engem Joer zou.

Paräisser Oper: Wat bleift, wann de Publik feelt?

D'Opéra Nationale de Paris ass eng vun de prestigiéise Kulturinstitutiounen a Frankräich. Wéinst der Pandemie ass d'Oper allerdéngs schonn zanter iwwer engem Joer zou.

Suessem mécht fir 2022 net schlapp

"Loop-down the hills, across the land": d'Kulturjoer 2022 soll an der Gemeng Suessem historesch, partizipativ, open-air, also lieweg ginn.

Suessem mécht fir 2022 net schlapp

"Loop-down the hills, across the land": d'Kulturjoer 2022 soll an der Gemeng Suessem historesch, partizipativ, open-air, also lieweg ginn.

Filmkritik: "SpaceBoy"

Dëse belsche Film ass eent an den 80er Joren ugesidelt Science-Fiction-Mäerchen. Net oninteressant Spill mat Referenzen, mee previsibel. Nei am Kino.

100 Joer Lëtzebuerger Konscht zu Stroossen

De LAC presentéiert eng quasi-museal Expo an engem Centre culturel. De Membere hir Motivatioun: esou Konscht méi accessibel ze maachen.

Fënnef Bicher a véier Sproochen

De Jury vum Servais-Präis huet d'Shortlëscht mat de Buchtitele fir de Prix Servais 2021 publizéiert.

Fënnef Bicher a véier Sproochen

De Jury vum Servais-Präis huet d'Shortlëscht mat de Buchtitele fir de Prix Servais 2021 publizéiert.

Déi strategesch Bedeitung vu Lëtzebuerg ënner den Habsburger

Déi nei Nummer vun der Zäitschrëft Hémecht (2021/1) setzt hire Schwéierpunkt mat Bäiträg iwwer d'Lëtzebuerger Geschicht am 18. Joerhonnert.

Wéi demokratesch sinn ech?

Zanter leschtem Weekend ass am Neimënster eng nei Ausstellung vum Zentrum fir Politesch Bildung (ZpB) ze gesinn.

100. Gebuertsdag Dirk Bogarde

Den 28. Mäerz 1921 koum dee britteschen Acteur Dirk Bogarde zu London op d'Welt.

100. Gebuertsdag Dirk Bogarde

Den 28. Mäerz 1921 koum dee britteschen Acteur Dirk Bogarde zu London op d'Welt.

De Rido op fir d'Theaterfederatioun

Keng Theaterdeeg, dofir presentéiert sech d'Theaterfederatioun um virtuelle Wee.

DKollage mam DKollektiv

E kreativen, multidisziplinairen a partizipative Chantier: den DKollektiv hat DKollage um Site vum fréiere Laminoire vun Diddeleng.

Internationalen Dag vum Theater - Gëtt et eppes ze feieren?

Wéi geet et dem Lëtzebuerger Theater? E Gespréich mam Claude Mangen, President vun der Theaterfederatioun

Den DTail vum DKollektiv sengem DKollage

E kreativen a partizipativen Chantier: den DKollektiv huet den DKollage um Site vum fréiere Laminoire vun Diddeleng lancéiert.

Lëtzebuerger an der Friemelegioun

Wie waren déi Legionären, déi fir Frankräich am Éischte Weltkrich gekämpft haten? Virun enger grousser Ausstellung ass elo e Sammelband zu deem Sujet eraus.

D'Œuvre œuvréiert fir Tiers-Lieux culturels 2022

De Constat vun der Œuvre: "Lëtzebuerg brauch Tiers-Lieux culturels, wou de kreativen Echange no bannen an no bausse grouss geschriwwe gëtt".

Den PEN/Manheim Award for Translation fir de Pierre Joris

De Lëtzebuerger Dichter a Literaturiwwersetzer gouf elo mam PEN/Manheim Award for Translation fir säi Gesamtwierk vun Iwwersetzungen ausgezeechent.