Kultur
E klenge "Brandy" um fréie Mueren
De Robert Brandy, Joergang 1946, ass haut ee vun deene bekanntste Kënschtler vu Lëtzebuerg. Mee wéi hien ufanks der 1970er decidéiert huet vu senger Konscht liewen ze wëllen, an dat en plus zu Lëtzebuerg, gouf hien zimmlech belächelt. 2021 kann hien direkt e puer ronn Gebuertsdeeg feieren: Mëtt Abrëll säin eegene 75., hie kuckt op 50 Joer Karriär zeréck an hien huet viru 45 Joer eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg ausgestallt.
Den Nationalmusée um Fëschmaart feiert mat: an zwar mat enger grousser Brandy-Retrospektiv. D'Kerstin Thalau huet mam Brandy Bilan gezunn.