Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Lava La Rue - Push N Shuv

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

search / Klassik Aktuell

/ Homogeen oder dach léiwer individuell?

Homogeen oder dach léiwer individuell?

headphones

9 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

An engem Bléiserquintett spillen ass keng einfach Aufgab. D'Instrumenter vu Klarinett bis Cor hunn alleguerte ganz ënnerschiddlech Klangfaarwen, an et stellt sech d'Fro, ob en homogeene Klang iwwerhaapt d'Zil vun esou enger Besetzung ka sinn. D'Musek kann trotzdeem begeeschteren, virun allem, wann ee se mat Frënn mécht. De 17. November trieden Aarbechtskolleeginnen a -kolleegen aus de Lëtzebuerger Philharmoniker zesummen am Kammermusekssall op a proposéiere Wierker vun Zemlinksy, Brahms an Haas.
Am Interview mam Luc Boentges gëtt de Flüttist Markus Brönniman en Abléck an de Programm an an d'Erausfuerderunge vun dëser Besetzung.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Konzentrat vun Neier Musek

De Festival Opening zu Tréier

De Steebock am Uelzechtdall

De Capricornus Consort ass Invité bei de Rencontres musicales de la Vallée de l'Alzette
Liebeslieder vum Johannes Brahms

Liebeslieder vum Johannes Brahms

E Concert zum Thema Vältesdag am Cercle Cité

Singing Roadshow

E Weekend voller Workshoppe mat Beatbox, Uewertoungesank a Vocal Coaching

Sounds of Transformation

Wa Klassik op Jazz trëfft.

Night and Day

Concert vum Ensemble vocal du Luxembourg mat enger Kreatioun vun der Valérie Knabe

Akzent op aktuell Musek setzen

Den Arend Herold, neien Direkter vum Insitut européen de chant choral

D'Julia Fischer kënnt an d'Philharmonie

Zesumme mat hirem Quartett proposéiert d'Geiistin Wierker vu Beethoven, Janáček a Schubert

Sébastien Rouland, neie GMD zu Saarbrécken

De franséischen Dirigent krut e Kontrakt fir 4 Joer als Generalmusikdirektor vum Staatstheater.

Eng Entdeckung

Eng Opnahm vum Franz Schmidt senger zweeter Sinfonie - De Klassik-CD vun der Woch
E russeschen Owend

E russeschen Owend

D'Luxembourg Philharmonia trëtt zesumme mat der jonker Geiistin Julie Adalsteinsson op.

D'Opening Night vum A Cape'lla-Festival

canto LX Académie an Amarcord - E jonken Ensembel mat aler Musek an en alen Ensembel mat méi jonke Wierker.

Judeum Epternacum

Ausstellung a Concerten zu Iechternach um internationalen Holocaust-Gedenkdag

E gutt Joer fir Lëtzebuerg

D'International Classical Music Awards 2018

OPL on tour: ronderëm d'Alpen

Dräi Länner, siwe Concerten an zéng Deeg fir den OPL op senger Tournée bis den 28 . Januar 2018

RMVA - Concert: Lontananza Dell'Amato

E Concert mam Collegium 1704 ronderëm d'Thema Léift

Iwwert de Papp vun der Oper

D'Musekswëssenschaftlerin Silke Leopold proposéiert e Workshop iwwer d'Liewen an d'Wierk vum Claudio Monteverdi.
Funeral Blues

Funeral Blues

Théâtre musical am Stater Theater ronderëm den Auteur Wystan Hugh Auden an de Komponist Benjamin Britten

OPL on Tour

Vu muer Freideg un (19.1.2018) ass den OPL zéng Deeg an Europa ënnerwee.

Den Erik Satie nei entdeckt

Hannert der musique d'ameublement stécht vill Poesie.