Klassik aktuell
OPL on tour: ronderëm d'Alpen
München war e leschte Freideg (19.01.2018) déi éischt Statioun vun enger Tournée vun zéng Deeg vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg. An de Museksmappe leie Stécker vu Wagner, Liszt an Debussy. Derbäi sinn och dräi Solistinne vu Weltklass: Kathia Buniatishvili (Piano), Anja Harteros (Sopran) a Baiba Skride (Gei). An och wann esou eng Tournée ustrengend ass, gesinn den Dirigent vum OPL an aner Perséinlechkeeten ëm den Orchester virun allem d'Virdeeler, déi den Orchester doraus zéie kann. De Manuel Ribeiro war e Freideg mat op München.